Skip to content
Artwork for PICKNICK. De Podcast

PICKNICK. De Podcast

Nadine Robert

Instagram: https://www.instagram.com/picknick_podcast/
picknickpodcast.lu@gmail.com

Am Podcast Picknick. geet et em alles an neicht, an dach iergendwéi em ganz vill. Op Summer oder Wanter, ee mol am Mount luet d’Nadine, Faarwengeck an elo och Podcast Host, zum Picknick an. Dem Nadine seng Gäst*Innen, an och dir déi nolauschtere, hunn besser ee gesonden Humor matzebréngenm, well hei gëtt gearen och mol alles op d’Schëpp geholl wou grad ee Fuerz queesch setzt. D’Nadine geet der Fro op de Grond: Wat beweegt a beschäftegt eis?!

Play
  • 20 episodes
  • monthly
  • Avg 24 min
  • Luxembourgish
  • July 9 · 23 min

    #23 Picknick mam Luc Spada

    Et ass rëm Zäit fir e klenge Picknick! Zu Gaascht hu mir de Kënschtler a Radiohost Luc Spada. Hien huet seng eege Show beim 100,7 "Fiasko Fest" wou en iwwert Theeme schwätzt déi heinsdo och wéi dinn. E richtegt flott Konzept! Niewent sengem Podcast huet en och seng Show "De Spada am Staathaus" zu Déifferdéng. An da mécht en och nach Musék a schreift ganz vill. Dir gesitt, et ass een villfältege Mënsch. Wierklech flott. Et war mir eng Kéier mat dir iwwert däi Liewen an deng Aarbecht ze schwätzen! Vill Spaass beim Lauschteren an loosst gären een Kommentar <3 - Nadine Camera & Edit: @realdavidghisaFotoen: @olahappycookiePublishing: @cecilia.said.vieira

  • May 30 · 24 min

    #22 Picknick mam Marie Boulanger #leRamier

    Et ass endlech neess zäit fir e klenge Picknick an dëst Kéier mam Marie Boulanger. Eng ganz besonneg a faarweg Perséinlechkeet, wat joerelaang d'kulturell Zeen an d'Nuetsliewen zu Lëtzebuerg geprägt huet. Mir schwätzen an dëser Episde iwwert hier Carrière zu Lëtzebuerg, hier Zäit an der Cabaret an Showwelt awer och iwwert hier Erfarung als Proprietärin vum legendäre Bistro Ramier op der Areler Strooss. Et war wierklech ee flotten Austausch vollgepaack mat spannend an emotional Geschichten! Ech wënschen iech vill Spaass beim Lauschteren! 💜

  • April 29 · 45 min

    #21 Picknick mam Luca de Michele

    IT'S TIME FOR MAKE-UP! An dëser Episode dréint sech alles ëm d'Konscht vum Make-Up. Een Thema wat mir perséinlech och ganz vill bedeit. An do gëtt et keng besser Persoun wéi den Luca de Michele fir doriwer ze schwätzen! Hien ass a mengen Aan een vun de beschte Make-Up Artisten aus Lëtzebuerg an et ass wieklech schéin ze gesinn, wéi hien mat sengem Talent, senger Passioun nogeet an dobäi groussen Erfolleg huet. Bravo! D'Gespréich ass wieklech éierlech an perséinlech, lauschteert also erann :) Camera: @realdavidghisa Fotoen: @olahappycookie Publishing: @cecilia.said.vieira Brëll: @optique.moitzheim Outfit: Narosy.lu by Nadine Robert

  • March 25 · 22 min

    #20 Picknick mam Fabrice Goffinet

    Dëst Kéier zu Gaascht bei Picknick hu mir déi lëtzebuergesch Tiktok Legend FABRICE GOFFINET! Villäicht hutt dir déi eng, oder aner Curly Hair Tutorials scho gesinn, well déi si scho weltwäit duerch d'Decke gaangen. Mee wéi gesäit et hannert de Kulissen aus? Wéi gesäit säin Alldag, seng Aarbecht an de Wee deen hie gaangen ass, fir elo do ze sinn, wou e grad ass? Eppes wat an dëser Episod sécher net ze kuerz kënnt ass eppes wat vill Influencer dobaussen erliewen: Hate - Wéi geet hien domat ëm? Dat a vill méi gitt der an dëser Episod gewuer. Grousse Shoutout un dem Fabrice seng Mamm, dat hien ëmmer begleet huet! Vill Spaass beim Lauschteren :)

  • March 1 · 20 min

    #19 Picknick mam Marianna Parigi

    Är liiblings-Tatta ass rëm zréck! An dëst Kéier mat enger mega inspiréierend Persoun - Marianna Parigi-Pogosova hat ass eng immens couragéiert an visionär Fra. An dësem Episod schwätzt si iwwer hir Zukunft zu Lëtzebuerg, hire Parcours an hier Bestiednis. Mee virun allem schwätze mir och iwwert seng staark Projeten an seng staark Botschaften déi hat eis mat op de Wee gëtt: D’Marianna ënnerstëtzt Fraen. Si motivéiert se, bréngt se zesummen a verbënnt se. Sou schaaft si Zesummenhalt, Kraaft a Solidaritéit. Ech sinn impressionéiert! Loosst iech opschidefalls selwer dovunner iwwerzegen. Vill Spaass beim Lauschteren! EVENT ALARM! 📅 Net verpassen: de 6. Mäerz 📍 Comé la Maison En Evenement, oppe fir jiddereen, a Zesummenaarbecht mat LAFF. Merci Marianna 🤍

  • February 1 · 38 min

    #18 Picknick mam Stella Ross (OKE)

    An dëser Episode sinn ech mega frou the one and only iconic STELLA ROSS zu Gaascht ze hunn! Villäicht kennt dir d'Stella éischter ennert dem Numm OKE. De Sänger de säit Joeren fir musikalesche gooood Vibes suergt! Mee "good Vibes" waren an senger Vergaangenheet net ëmmer de Fall. Hien erzielt eis wisou hien sech een neie Persona opgebaut huet an och vu wou de Numm kënnt. Wat en alles erlieft huet an och bësse vun den traurege Säiten. Ech sinn immens houfreg op d'Stella, hat ass IKONESCH! Merci villmools an iech all vill Spaass beim Lauschteren <3 Credits: - Schnëtt & Kamera @ Davalfilms - Publikatioun @ Cecilia Said Vieira - Outfit: Morena Couture Summer Vibe by Pold / pold-music Creative Commons — Attribution-ShareAlike 3.0 Unported — CC BY-SA 3.0 Free Download: https://www.audiolibrary.com.co/pold/... Music promoted by Audio Library • Summer Vibe – Pold (No Copyright Music)

  • Dec 11, 2025 · 16 min

    #17 Picknick mam Wulli

    Et ass neess Zäit fir Piiiiiicknick! Dëst Kéier zu Gaascht hu mir eng Ikon vun der Radiozeen zu Lëtzebuerg an zwar de Wulli vum Eldoradio! An dëser Episode schwätze mir net nëmmen iwwert seng Bekanntheet, mee och iwwer seng Carrière bei Eldoradio, seng grouss Motivatioun fir de Radio, an déi Aart a Weis wéi hien seng Emissiounen mat vill Passioun a Professionalitéit opbaut a meeschtert. Dir kritt also e richtegen Abléck an d’Häerz vun engem Radiomann, deen dëse Beruff liebt. 🎙️✨Lauschtert haut also net nëmmen an senger Sendung erann mais och op Spotify a co fir dës Episod ze lauschteren 🎧🎬 Régie & Mise en scène: @olahappycookie📸 Fotoen: @olahappycookie🖥️ Publishing: @cecilia.said.vieira📍 Crimeplace / Collaboration: @nadinerobert.officielMir haten wierklech vill Spaass 🎉🥰E grousse Merci schonn am Viraus fir d’nolauschteren 🙏✨

  • Oct 28, 2025 · 27 min

    #16 Picknick mam Comedian Micas Carvalho

    🎙️ Ween hu mir dann hei zu Gaascht? Et ass de Micas – e kreativen Content Creator an e richteg witzegen Stand-up Comedian, deen einfach jidderee mat senger Energie a sengem Humor ustécht 😄 Mir schwätzen iwwer Komedie, säi Liewenswee, an dat, wat hien dozou bruecht huet, den Leit en Laachen op d’Gesiicht ze zauberen 🎭✨ Et ass eng Episod voller Energie, Éierlechkeet an Humor. Versprach: Et wärt dir eng Freed maachen nozelauschteren 💫 🎥 Realisatioun: Sarah aka Olaolagirl 🎬 Kamera: Elvin Aeres 📸 Foto: @followthelynn 🖋️ Publisher: Cecilia Said Vieira

  • Sep 26, 2025 · 23 min

    #15 Picknick mam Anne's Kitchen

    🌿✨ Et ass nees Zäit fir e klengt Picknick an dës Episod ass grad elo frësch erauskomm! ✨🌿Mee dës Kéier hu mir de Picknick net bei mir am Studio opgeholl, mee an der inspiréierender Atmosphär vum Anne’s Kitchen. 🏡🍴Ech fille mech ganz geéiert, datt d’Anne mech esou häerzlech a senger Kichen empfangen huet. 🙏💫 Anne ass eng wuelbekannt lëtzebuergesch Kënschtlerin hannert dem Herd, déi mat senger Léift fir d’Iessen a mat senge Projeten ëmmer erëm bewisen huet, datt Kachen eng Konscht ass. 🎨✨ An do ginn ech hir aus ganzem Häerz Recht!Lauschtert also roueg eran… well nieft dëser kulinarescher Inspiratioun ginn et och nach nei, spannend Neiegkeeten! Merci un Naderi Productions fir ze filmen an editen 📸Merci un d'Ceci fir ze posten ☺️an Merci un de Kulturministär fir de Sponsoring vun dësem Podcast!

  • Jul 13, 2025 · 19 min

    #14 Ryan Cibango - Young Talent

    🎙️ Ech si ganz frou a houfreg, dass ech fir dëse Podcast e ganz besonnesche jonke Mann un menger Säit hat De Ryan Cibango! Hien huet eng natierlech Ausstrahlung, déi een direkt spiert– ech muss et net besonnesch sichen, et ass einfach do. Seng Aart ze schwätzen ass intelligent an beräichernd an ech lauschteren him esou gäre no. Mee wat mécht de Ryan amfong?Hien ass net nëmmen Mannequin, mee och Singer-Songwriter, Dänzer, Acteur a Filmregisseur. Sou Multitalenter fënnt e wierklech net oft. Dofir sinn ech immens dankbar, dass hien meng Invite ugeholl huet an hei am Podcast matgemaach huet. 🎧 Bleift also um Lauschteren – et gëtt wäertvoll, witzeg an e bësse mystesch. 🎥 D’Video gouf realiséiert vum @olahappycookie 📸 D’Fotoe si vu @followthelynn 💻 E grousse Merci och @cecilia.said.viera wat alles flott opbereet an op de Podcast-Plattforme verdeelt.

  • May 25, 2025 · 18 min

    #13 Kathie Nechy - A Personal Stylist's World

    NEW EPISODE: PICNICK – OUT NOW In this inspiring and thought-provoking conversation, I’m joined by the brilliant Kathy Netchy — personal stylist and self-described personnaliste — for a deep dive into what it truly means to style someone. We explore questions such as: Why did she choose this profession? What does it really mean to style a person, beyond clothes? Is fashion just about appearance, or is it also a form of psychology? Kathy shares her unique perspective on how clothing can become a tool for self-expression, and how a stylist must connect with someone’s inner world to reflect their outer beauty. Her approach blends intuition, creativity, and emotional depth — and yes, there’s a little surprise waiting at the end. Now streaming on all platforms. Thank you for listening and sharing. Special thanks to Sarah for the recording, your patience, and the beautiful final touch. A big thank you to Cécie for bringing it all online so smoothly — your behind-the-scenes support means everything. Follow and support: @kathy_netchy @vintagebygala

  • Apr 18, 2025 · 17 min

    #12 Picknick am Chaussures Léon mam Corinne Cahen

    🎙️ Fir déi heiten Episode sinn ech rëm ausserhalb vu mengem gewéinleche Décor ënnerwee an zwar an der Belle Etoile. Zu Gaascht ass d'Corinne Cahen - Entrepreneurin, Politikerin, Familljemënsch. Hat leed eis duerch säi Familljiebetrib Chaussures Léon an erzielt eis och e bëssen iwwert säi Liewen. Et huet mech immens gefreet déi heiten Episode opzehuelen, villmools Merci Corinne 🥰 Chaussures Léon fannt dir am Norden zu Maarnech, an der Belle Etoile an den original, deen ass op der Gare.

  • Mar 1, 2025 · 25 min

    Birthday Episode - Picknick mam Jana Degrott: Business, Dating & More!

    Fir dës Episod hu mir eppes Grousses ze feieren! Haut hunn ech, Nadine Gebuertsdag, mee dat ass net emol dat Wichtegst. Vill méi wichteg ass, dass de Podcast säin 1. Gebuertsdag feiert! 🎉 A fir dës speziell Episod hunn ech keng aner wéi déi eenzegaarteg an amazing Jana Degrott invitéiert. Ech si sou frou, hatt am Podcast ze hunn! Hat erzielt eis, wou hat grad drun ass, wéi et an der Politik ausgesäit a wéi et him mental geet. Et waren intensiv Méint fir hat, mee hat schéngt ze heelen. Ee vun de grousse Sujeten an dëser Folleg: Dating! Hei ginn e puer Geheimnisser enthüllt – also bleift drun! 👀✨ Folgt an ënnerstëtzt dem Jana seng asbl Be Human asbl https://www.instagram.com/be_human_asbl/ a seng Firma Real Impact Hub https://www.instagram.com/realimpacthub_sarl/

  • Jan 26, 2025 · 22 min

    #11 Picknick avec Fabiola Puga - Fashion Week au Luxembourg

    🎙️ Nouvel épisode : Picknick Podcast avec Fabiola Puga Dans cet épisode inspirant, Nadine rencontre l’incroyable Fabiola Puga, la force motrice derrière la Fashion Week du Luxembourg, dans le cadre magnifique de la Maison Trust. 🌟 Ensemble, elles explorent le parcours de Fabiola – de sa passion pour la mode à son rôle en tant qu’organisatrice de l’un des événements les plus excitants autour de la mode. Elles discutent de ses expériences, des leçons qu’elle a apprises et de l’importance du travail acharné pour atteindre ses rêves. Mais ce n’est pas seulement une conversation sur la mode : c’est une réflexion sur la vie, la résilience et ce qu’il faut pour avoir un impact durable. 🎧 Ne manquez pas cette discussion captivante !

  • Nov 24, 2024 · 31 min

    #10 Picknick mam Sonia Gleis - En Tour duerch d'Konschtgallerie

    An dëser Episode hunn ech Sonia Gleis invitéiert. Hat huet net nëmme scho weltwäit gemodelt zum Beispill a Japan, Paräis a Korea, mee hat ass och eng talentéiert modern Kënschtlerin. An dëser Episode trëpple mir duerch de Centre Culturel Paul Barbley a kucken eis dem Sonja seng Konscht un. Seng Konscht ass extra, well se an zwou Welte funktionéiert. Offline an Online! D'Konscht beweegt sech wann een se duerch den Handy, oder iPad kuckt. Et ass also eng immersiv abstrakt Molerei inspiréiert vum Test de Rorschach. Natierlech gëtt et och nach bësse Gossip... Dat gehéiert sech jo an engem Picknick! Sierft also gespaant a lauschtert eran! Vergiesst net de Podcast ze bewäerten a mir iwwerall ze followen 😄 __________________________ Déi heiten Episode gëtt gesponsert vu mengem Beautydoc des Vertrauens an zwar Fee Wolff, Cabinet médical chirurgical et esthétique an der Stad. Villmools Merci! Merci geet och raus un d'Gemeng Stroossen, déi eis erlaabt hunn am Centre Barblé ze filmen. Grousse Merci un de Yannick Schumacher fir ze filmen! 📸⭐️ Meng Jacquette ass vu Streetchic fand dir bei Ottikaenza Meng Ouereng si vu Jollyjumper.lu Geschnidden a produzéiert vum Cecilia Said Vieira 🥰

  • Nov 22, 2024 · 29 min

    #7 Picknick mam Jacques Molitor - Vum Medezin Student zum Filmregisseur

    Och am August gëtt et keng Vakanz fir de Picknick Podcast! Fir déi heiten Episode hunn ech mir e ganz bekannte Filmregisseur an de Studio geholl an zwar de Jacques Molitor. Zu senge Filmer gehéieren ënner anerem grouss Realisatiounen wéi "Mammejong (2015) a Wolfskin (2022). Ech hunn de Jacques dierfe kenneléieren um Dréi vun der Promo fir de Pride Schampes vum Yaya a Collaboratioun mat Poll Fabaire. Nodeems mir zwee Wieder ausgetosch hunn, wosst ech direkt: De Jacques muss a mäi Podcast! Méi zu sengem Lafbunn a zu senge Projete kënnt dir hei lauschteren. Sidd gespaant a lauschtert eran. Merci a abonéiert och gären dëse Kanal 🥳

  • Oct 20, 2024 · 27 min

    #9 Tom Hecker - Schminken mat der Tatta Tom

    An dëser Folleg vu Picknick hunn ech e ganz spezielle Gaascht agelueden, an zwar den Tom Hecker, besser bekannt als Tatta Tom, oder Séraphine Mirage. Hien ass an de Medien, zumools bei eise rietse Politiker, an deene läscht puer Méint oft Thema gewiescht. Fir mech a mäin Team ass hien eng faszinant Perséinlechkeet mat ganz vill Häerz! Dovunner erzielt hien eis iwwregens och an dëser Episode. Während dëser Episode schminkt sech den Tom währendeems ech him meng Froen stellen. Hien erzielt eis awer och, wéi hie mat Haass ëmgeet, wéi hien als Dragqueen zu Lëtzebuerg lieft a natierlech vu senge ville selwer geschriwwene Kannerbicher. Dës Episod gëtt generéis vun Chaussures Léon ënnerstëtzt, wat eis besonnesch stolz a frou mécht. MERCI BEAUCOUP! Eist Gedrénks goufe frëndlecherweis vun Ortea ugebueden – den Icetea schmaacht esou lecker a gouf vu jonke gegrënnt- Ënnerstëtzt är Lokal Entreprisen! Zumools wann et och sou gutt schmaacht.

  • Sep 22, 2024 · 17 min

    #8 Picknick avec Osvaldina Moreira - Dans l'Atelier de Morena Couture

    🎙 Cet épisode de "Picknick" sera en français, spécialement pour mes auditeur·rice·s francophones. Aujourd'hui, j'ai l'honneur d'accueillir la talentueuse Morena, fondatrice de Morena Couture ✂️👗. Elle nous plonge dans son univers de créations uniques et partage avec nous ses projets, ses inspirations, et bien plus encore ✨. Femme passionnée et créatrice hors pair, Morena ne cesse de repousser les limites de son art 🚀. Un échange captivant à ne surtout pas manquer ! Rejoignez-nous pour découvrir son parcours fascinant ! 🎧💫

  • Jul 23, 2024 · 14 min

    #6 Picknick mam Ronny - Wéi lieft een als Obdachlosen?

    Déi heite Picknick Episode ass net sou wéi dir et vu mir gewinnt sidd. Dëst Kéier sinn ech an der Stad an treffen do de Ronny Scheid. Säin Doheem? D'Stroosse vun der Stad. Hien ass nämlech obdachlos an erzielt eis wéi et dozou komm ass a wéi hien säin Alldag meeschtert. Déi heiten Episode bedeit mir immens vill an ech si frou, dass ech de Ronny konnt kenneléiere fir een Abléck a säi Liewen ze kréien. Hien ass eng ganz léiwhärzeg Persoun. Mäin Top ass iwwregens vum Ilit Sarkisian Merci 🌻 Ech wier frou, wann dir un d'Stëmm vun der Strooss spende kéint, well si maachen eng immens gutt Aarbecht. Followt dem Ronny gären och op Facebook. En ass do ganz aktiv. Merci fir all Ënnerstetzung!

  • Jun 23, 2024 · 27 min

    #5 Picknick mam Tanita - Photography for a Good Cause

    Welcome to the very first episode of our podcast in English! 🇬🇧In this special Picknick Episode, I had the pleasure of chatting with the amazing photographer and artist, Tanita. You can explore her incredible work on⁠ Instagram⁠ and ⁠Facebook⁠ 📸 In this episode, Tanita shares her journey to Luxembourg, her experiences in the art world, how we met, and gives us an exclusive look into her upcoming exhibitions and projects. Additionally, we touch on a significant and heartfelt topic—the ongoing war in Ukraine. Many animals have lost their homes due to the conflict, and we want to take this opportunity to ask for your support. Please consider donating to the Shelter Domivka association to help these animals in need. 🐶 Donation Information: IBAN: UA773052990000026006031017177 PayPal: ⁠domivka_@ukr.net⁠ Tune in to this episode and stay tuned for more exciting content in the next one!

Showing 1–20 of 20 episodes