Skip to content
Artwork for Zréck Zu Dir Podcast
Health & FitnessAlternative Health

Zréck Zu Dir Podcast

Primula House

🌿 Zréck Zu Dir Podcast

Authentesch. Éierlech. Heelsam.


Ech schafen e séchere Raum fir déif Gespréicher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis selwer, aneren an der Natur. Hei geet et ëm Wuesstem, Déift an Heelung. Mat Häerz a mat Oppenheet. 


All Episode ass eng Invitatioun, dech erëm mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng Stëmm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren.


🎧 Fir Mënschen, déi no Éierlechkeet, Authentizitéit a spiritueller Déift sichen.


Sou vill Léift no Baussen. 💫
 — Däi Bonnie 🌸

Play
  • 23 episodes
  • fortnightly
  • Avg 27 min
  • German
Counted on this page — what you have heard stays on this device, so it is not something the list can be paged by.
  • S1 · E40
    September 23 · 48 min

    #040 - Wee bass du wann sech alles verännert? (Interview mam Nena)

    Haut hunn ech d’Nena bei mir am Podcast an hat zielt seng ganz perséinlech Geschicht. Wéi schnell sech am Liewen alles ka veränneren a naischt méi bleiwt wéi et war. D’Nena huet ee Schlach hannert sech, huet een Deel vu senger Mémoire verluer an liewt mat da Diagnose Multiple Sklerose. Mir schwätzen iwwert Angscht, Verloscht, Identitéit an d’Fro: Wie sinn ech eigentlech, wa main alt Liewen esou net méi existéiert? Mir schwätzen doriwwer wéi d’Nena zréck a seng Kraft fonnt huet a wéi aus allem Neies entstan ass - seng Leidenschaft zum Schreiwen. Et ass eng Folg iwwert d'Falen, d'Neiorientéieren an doriwer dass et heinsto keen zréck gëtt mee dass een sech ganz nei dierf endecken a kenneléieren. Ech wënschen esou vill Freed an Inspiratioun bei dësem Gespréich. Kuck mol beim Nena lanscht op Instagram @nenaalicestewart Dai Bonnie

  • August 19 · 38 min

    #039 - Deng kloër Entscheedung verännert alles

    Elo ass et u mir mech erem mol AUSzeschwätzen :) Meng lescht Méint waren herausfuerdernd an ech hu missten Entscheedungen treffen. An dat einfach zackeg a schnell. Net ze lang iwwerleen mee handelen a vir eppes lass goen. An dëser Episode zielen ech da mol bessi wat sou lass war a wat mengem Liewen Turbulenze bruecht huet. Ech gi mat dir duech meng Story an wéi ech Entscheedungen treffen an dat och wann aner Sachen ewechfalen oder extrem vill Angscht am Kierper liewt. Déi wichtegst Froen vir dech: - Wie well ech sinn? - Wéi liewen ech Léift? - Wéiee Liewen well ech liewen? - Wéieng Werter well ech verkierperen? - Wat wees ech ganz déif a mir schon esou lang? - Wa keen géif jugéieren, wéieng Entscheedung géif ech treffen? Du muss net dee ganze Wee kennen mee deng Energie brauch eng Richtung. Du bass esou muteg a voll Léift. Ech gleewe fest un dech. Géi lass vir DAI Liewen. Sou vill Léift vir dech. Dai Bonnie

  • S1 · E38
    July 29 · 44 min

    #038 - Zréck an de Kierper & an d'Vertrauen (Interview mam Sandy)

    An dëser Episode hunn ech d'Sandy Girotto bei mir am Podcast. D'Sandy ass d'Grënnerin vun Naturinstinkt a mir schwätzen iwwert d'Weisheet vum Kierper, iwwert d'Vertrauen, d'Naturverbonnenheet an doriwer wéivill Kraft ensteet wa mir leieren erem op eis selwer ze lauschteren. Mir tauchen an d'Welt vu Schwangerschaft, Gebuert a Begleedung. Mir schwätzen iwwert Glawensätz, Hpnose an doriwer wéi Secherheet, Vertrauen an eng douce Begleedung eng Gebuert verännere kennen. Sou vill Freed beim Lauschteren. Fann d'Sandy op Instagramm ennert @doula_naturinstinkt Ganz vill Léift. Dai Bonnie

  • S1 · E37
    July 15 · 33 min

    #037 - 7 Magic Tools vir turbulent Zeiten

    Ech hat jo eng kuez Podcastpaus well et a mengem Liewen bessi gestiermt huet. All Stuerm ass vir mech a leed mech a meng hëchste Versioun vu mir selwer. Ech gi gaere voll vir mech lass an Herrausfuerderungen ennerstetzen eis an eis Stärkt ze kommen. Mut ze hunn vir eis lasszegoen a vir lass ze loossen wat eis dorunner hënnert. Ech deelen an dëser Episode 7 Tipps déi mech duech turbulent Zeite brengen. Gleew un dech an erënner dech dass d'Liewen vir dech ass. Ganz vill Léift vir dech. Dai Bonnie

  • S1 · E36
    July 1 · 1 hr 8 min

    #036 - Iwwer Spiritualitéit, d'Liewen & sech selwer fannen (Interview mam Gilles Stahl)

    Haut hunn ech de Gilles Stahl bei mir am Zréck zu Dir Podcast. De Gilles huet schnell gemierkt, dass hien méi wéi aner Menschen wouer hellt an, dass do méi ass wéi nemmen dat wat mir mat eisen Aan gesinn. Hien erzielt sai Parcours an wéi hien Menschen begleed vir méi no bei sech selwer ze kommen. Mir schwätzen iwwert Spiritualitéit, iwwert d'Donkelseiten vun da Spiritualitéit, iwwert d'Liewen an seng Up & Downs. Mir schwätzen driwwer, dass alles an eis selwer ass an dass alles bei eis selwer ufänkt. Wéi kommen ech méi no zu mir selwer? Wéi kann ech elo direkt domadden ufänken? Lauschter eran a looss dech inspiréieren vun dësem wertvolle a lichte Gespréich. De Gilles fenns de op Instagram ennert @the_healcorner_by_gilles_stahl Ganz vill Léift & Magie vir dech. Dai Bonnie

  • S1 · E35
    May 6 · 21 min

    #035 - Am Chaos & Wandel - Hal dech selwer (Medi)

    Turbulent & transformatif Zeiten. Net nemme bei mir mee ech gesin bei ganz ville Léit vill Wandel. Genau dowéinst ass dës Folg kuez a knapp an ee Moment vir eis Kraft, eis selwer ze spieren. Wa mir emmer kléng Momenter vir eis huelen an eis Kraftmomenter eieren da kenne mir Chaos besser halen. Alles ass an dir. Du bass esou stark an ausdauerend. Komm hei an huel dir dain Auszeitsmoment vir kraftvoll déi nächt Challenge ze meeschteren. Well esou ass d'Liewen hei op da Aerd. Een Op an Oof. Ganz vill Léift & Magie vir dech. Zesumme si mir emmer nach méi stark Dai Bonnie

  • S1 · E34
    April 22 · 44 min

    #034 - Mech net verléieren an da Léift

    Mech net verléieren an da Léift D'Verbindung zu sech selwer halen och wann een aner Menschen ganz vill gären huet. Verbindung zu sech selwer halen a verbonne sinn mat dengem Geigeniwer. Ech quatschen an dëser Episode bessi iwwert al Muster, Attachment, Erwardungen, Werter & Grenzen a wat mir wichteg an enger Bezeihung ass. Partnerschaftlech Bezeihung, frëndschaftlech Bezeihungen an familiär Bezeihungen. Egal wat ass ech wielen emmer rem mech a bleiwen a Verbindung mat mir selwer wéi mat mengem Geigeniwer. Deel mat mir deng Andréck an deng Themen an denge Bezeihungen. Ech lieben dat Thema 🥰 Vun Haerzen ganz vill Léift & Magie ✨ Dai Bonnie 🌸

  • S1 · E33
    April 8 · 46 min

    #033 - Ech hu mech VIR d'Liewen entscheed (Interview mam Yannick)

    An dëser Episode hunn ech de Yannick Gaspar als Gascht am Zréck zu Dir Podcast a mir schwätzen iwwert ee wichtegt Thema - Suizid. De Yannick deelt seng perséinlech Geschicht vun déiwem Schmerz, ennere Kämpf an vun deene Momenter wou hien sech géint d’Liewen an dann awer vir d’Liewen entscheed huet. Mir schwätzen driwer, - wéi et sech ufillt wann alles zevill ass - wat an engem Mensch wirklech virgeet - virwat ee sou Gedanken net einfach oofschalte kann - a wat him geholef huet vir haut sou kraftvoll hei ze sinn. Dës Folg ass eierlech, beréierend a mecht Raum op vir Verstees-de-mech, Matgefill an Hoffnung. Wanns du betraff bass oder ee kenns: Du bass net aléng! Wichteg Ulafstellen❗️ - SOS Détresse (Telefon 45 45 45) - @LetzBeAware op Instagram & Facebook vir Guidance a Schwierege Momenter Merci Yannick vir dai Vertrauen an dai Mut. Du bass ee Licht 💖 Vill Léift & Magie ✨ Dai Bonnie 🌸

  • S1 · E32
    March 25 · 1 hr 1 min

    #032 - Virwat mir eis verléieren - A wéi Achtsamkeet eis zréck Heem feiert (Interview mam Nathalie Krier)

    Haut hunn ech d'Nathalie Krier am Gespréich a mir schwätzen doriwwer wéi mir méi déif a Verbindung mat eis selwer kenne kommen. Mir si gewinnt ze Rennen, ze Funktionéieren, ze Optiméieren an mir fillen eis getrennt. Oofgetrennt vun aisem Kierper, aise Gefiller, vum Moment. Virwat ass dat sou? Wéini hu mir dat esou décidéiert? A wéi fänke mir un nees Verbindung ze wielen? D'Nathalie an ech schwätzen doriwer :) D'Nathalie ass MBSR Coach a bid Gruppen sou wéi Eenzelsëtzungen un. Hat verbennt Achtsamkeet, mat Matgefill, Nervesystem Regulatioun & Traumawëssen. Seng Platz huet et am Liewenshaus zu Wormeldange fonnt. Du fënns hat op Instagram ënnert @nathaliekrier_mindfulness an op senger Webseit www.nathaliekrier.com D'Nathalie huet sain aktuelle Programm Herzstück, wou hat Raum bid vir méi a Verbindung zu dir ze kommen. Herzstück start den 17/4 an et si nach puer Platze frei. Kuck op senger Webseit no vir méi Infos. D'Nathalie & ech bidden och gemeinsam ee Krees un am Liewenshaus den 10/05/2026 vir zesummen bei eis selwer zréck ze kommen. Mir verbréngen een Dag zesummen andeems mir méi a Connexioun mat eis an eisem Kierper kommen. Wells du do dobei sinn da kuck bei him a bei mir op Instagram lanscht. Fënns du dech hei rem bei Funktionéieren, Machen an ni ee Moment vir sech fannen? Da lauschter onbedengt hei ran :) Ganz vill Léift & Magie Dai Bonnie

  • S1 · E31
    March 11 · 43 min

    #031 - Vun Trauma, Angscht & Panikattacken (Interview mam Xenia)

    An dëser Episode hunn ech d’Xénia bei mir am Zréck zu Dir Podcast. Hat zielt ais vu sengem Trauma an d’Auswierkungen dorober. Wéi et verzweifelt géint seng Panikattacke gekämpft huet an sech emmer méi aus dem Liewen zréckgezunn huet. Wat war den Dréipunkt wou d’Xénia Stop gesot huet? Wéi geseit sain Heelungswee aus? Wéi geet et haut mat Herausfuerderungen em? Mir schwätzen iwwert Hoffnung, Heelung a wéi ee Stéck vir Stéck an seng Kraft ka kommen. A senger ganzer Kraft huet d'Xénia och sain eegene Podcast gegrënnt a schwätzt iwwert genau esou Themen. Lauschter onbedéngt mol bei him eran. Sai Podcast heescht "Ee Raum fir dech" by Xénia XJB. Lauschter op Spotify. A fann hat op Instagram ennert @xenia_xjb Merci du wonnerbart Xénia vir dëst wertvollt Gespréich. Lauschter wéi emmer op Spotify & op Apple Podcast. Ganz vill Léift a Magie Dai Bonnie

  • S1 · E30
    February 25 · 55 min

    #030 - Liebessprochen an Familjen & am Alldag (Interview mam Fabienne)

    An dëser Episode hunn ech d'Fabienne Weber am Gespréich. Mir schwätzen iwwert d'Liebessprochen a wéi dës aist Familjeliewen, ais Partnerschaften an aisen Alldag beaflossen. D'Fabienne ass Joffer & Familiencoach a begleed Familjen zréck an d'Verbindung. Dorëms geet et an d'Verbindung ze goen an genau nozelauschteren. Ais selwer an aisem Geigeniwwer. Dem Fabienne sai Kontakt fënns du op Instagram @fabienne_weber_familiencoach Seng Webseit www.fabienneweber.de D'Buch iwwert déi 5 Liebessprochen dat d'Fabienne ernimmt huet ass, Die 5 Sprachen der Liebe vum Gary Chapman Kenns du deng Liebessproch? Wann net da lauschter hei ran. A wann Jo da lauschter awer well du hells secher Wertvolles mat :) Ganz vill Léift & Magie vir dech. Dai Bonnie

Showing 1–20 of 23 episodes