Skip to content
Artwork for RTL - BicherLies
ArtsBooks

RTL - BicherLies

RTL Radio Lëtzebuerg

Ee Bicher-Podcast an deem Lëtzebuerger Bicher, an déi international Aktualitéit, am Mëttelpunkt stinn.

Play
  • 20 episodes
  • every few months
  • Avg 36 min
  • Luxembourgish
  • June 29 · 35 min

    38. Am Kräizverhéier: de Krimi-Auteur a Prix-Laurence-Laureat Romain Haas, 29/06/2026

    "Kee Gefuddels!" D'Personnagen am Krimi "Jagd durch Luxemburg" musse sech bei hirer Schatzsich u streng Reegelen halen De Millionär Charles Cannes hannerléisst senger Famill e Verméige vun 100 Milliounen Euro! Mä d’Saach huet en Hoken: Fir ierwen ze kënnen, musse si sech un enger Schatzsich bedeelegen, déi si duerch ganz Lëtzebuerg féiere wäert. Séier gëtt kloer, dass dës «Juegd duerch Lëtzebuerg» net ganz ongeféierlech ass... De Romain Haas, 26 Joer jonk, leet mat «Jagd durch Luxemburg» säin éischte Krimi vir, ganz an der Traditioun vu sengen Idoler Agatha Christie an Arthur Conan Doyle, dofir awer adaptéiert fir d’21.Jorhonnert an déif verwuerzelt an der Kultur vun eisem Land. An dass de Kölner Emons Verlag säin Débutwierk erausbruecht huet, beweist, dass dat och am Ausland gutt ukënnt! Wéi et dozou komm ass, a wéi hien säi spannende Krimi opgebaut huet, dat verréit de Romain Haas den RTL-BicherLieser Bea Kneip a Jérôme Jaminet am Interview.

  • January 29 · length unknown

    37. Am Kräizverhéier: De Joseph Kayser iwwer säin Erzielband "toujours jamais", 29/01/2026

    Alles wat mënschlech ass: eng ganz Bandbreet vu Gefiller a véier Novellen. Mat "Prinzessin Charlotte" huet de Jos Kayser 2017 säi literareschen Début ginn. Zënterhir huet hien Novelle, Kuerzgeschichten a Romaner op Lëtzebuergesch an Däitsch verëffentlecht. Mat "toujours jamais" proposéiert hien 4 Novellen op Franséisch déi sech duerch eng grouss thematesch a formell Diversitéit auszeechnen. Vu Léift an Doud, vun Hoffnung an Enttäuschung, vum Alldag a vun Ausnamesituatiounen erzielt hien am Buch an och am Interview dat de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip mat him gefouert hunn. "toujours jamais" vum Joseph Kayser ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm

  • Nov 29, 2025 · length unknown

    36. BicherLies Weltbibliothéik: En Ausfluch an d'Literatur vu Japan, 29/11/2025

    Nodeems de Jérôme an d'Bea viru kuerzem en Interview mat der Amélie Nothomb gefouert hunn, si si virwëtzeg ginn op d'Literatur vu Japan Japan ass e grousst Thema an de Bicher vun der Amélie Nothomb, si huet en Deel vun hirer Kandheet do verbruecht. Et ass e Land dat faszinéiert, wéi och de Lëtzebuerger Schrëftsteller Robert Weis bezeie kann. Mat "Retour à Kyoto" an "Yamabushi - la sagesse des montagnes" huet hie schonn zwee Bicher erausbruecht an deenen hie seng Reesen a Japan verschafft. Grond genuch fir de Jérôme an d'Bea fir sech an der neister Episod vun hirem Podcast "BicherLies" mam Land vun der opgoender Sonn ze beschäftegen! Nodeems si vun der Amélie Nothomb a vum Robert Weis haaptsächlech Klassiker aus der japanescher Literatur recommandéiert kruten, wollte si sech awer och iwwer déi rezent Publikatiounen aus Japan informéieren. Am Podcast erzielen si wéi eng Bicher si gelies hunn a wéi eng dovun hinnen am beschte gefall hunn. Iwwer dës Bicher gëtt (ënner aneren) am Podcast geschwat: "Die Stadt und ihre ungewisse Mauer" Haruki Murakami (Dumont) “Schwindende Welt” Sayaka Murata (Aufbau Verlag) "Under the Eye of the Big Bird“ Hiromi Kawakami (Soft Skull Press) "Tokyo Sympathy Tower" Rie Qudan (Hoffmann und Campe) "Das Gelbe Haus“ Mieko Kawakami (Dumont) "HEN NA E. Seltsame Bilder" Uketsu (Lübbe) "Hunchback" Saou Ichikawa (Ecco Verlag) "Der Hase im Mond" Milena Michiko Flasar (Verlag Klaus Wagenbach)

  • Sep 28, 2025 · 17 min

    35. De BicherLies-Interview: D'Amélie Nothomb am Gespréich, 28/09/2025

    De Jérome an d'Bea ënnerhalen sech mat der Amélie Nothomb iwwer hir Bicher, hir Passioun fir Japan an hir Verbindung zu Lëtzebuerg 34 Bicher huet déi belsch Schrëftstellerin zënter 1992 erausbruecht. Hire vir-virleschte Roman mam Titel "Psychopompe" ass elo op Däitsch beim Schwäizer Diogenes Verlag erauskomm. Am Interview erzielt si ënner anerem vun engem traumateschen Erliefniss dat si an dësem Roman verschafft huet, awer och vun hirer Léift zu Japan, dat Land an dem si déi éischt 5 Joer vun hirem Liewe verbruecht huet. Als Duechter vun engem Diplomat ass si vill gereest an huet vill verschidde Länner kennengeléiert. D'Wuerzele vun der Famill Nothomb féieren awer och nach an en anert Land...op Lëtzebuerg. Hei d'Gespréich mat der Amélie Nothomb, dat op hire Wonsch iwwer Telefon opgeholl gouf. Leider ass deementspriechend d'Tounqualitéit net optimal woufir mir eis entschëllegen. Fir dass Dir näischt verpasst, fannt Dir en Transkript vum ganzen Interview op RTL.lu an der Rubrik "Bicher"

  • Jul 22, 2025 · 39 min

    34. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Antoine Pohu, 22/07/2025

    Mat grad emol 26 Joer zielt den Antoine Pohu zu de groussen Hoffnungen vun der Lëtzebuerger Literatur. "Après nos désirs" ass säin aktuelle Roman Am neisten Episod vum Podcast "RTL BicherLies" froen de Jérôme an d'Bea dem Antoine Pohu e Lach an de Bauch. Si wëllen alles wëssen iwwer seng Theaterprojeten, d'Konzept hannert sengem neie Roman, d'Roll vun der Musek a sengem Schreiwen, Genderen oder net Genderen, d'Stad Bréissel, an an an. Als klengen Extra huet den Antoine Pohu dann och nach e coole Buchtipp matbruecht! Iwwregens: fir weider interessant Liestipps kënnt Dir Iech dëse Rendezvous notéieren: Den Antoine Pohu an de bekannten däitsche Buchblogger Florian Valerius begéinen sech de Mëttwoch 13ten August 2025 um 18h30 bei der Gëlle Fra an der Stad, am Kader vun "D'Stad liest"

  • May 1, 2025 · 45 min

    33. Weltbibliothéik: Zäitgenëssesch eedgenëssesch, 01/05/2025

    Nei Literatur aus der Schwäiz Max Frisch, Friedrich Dürrenmatt, Jean-Jacques Rousseau oder Madame de Staël, dat sinn déi Klassiker déi engem direkt an de Sënn kommen wann een un d'Schwäiz denkt. Mä et ginn och eng ganz Rëtsch zäitgenëssesch Auteuren déi een op kee Fall verpasse sollt! E Christian Kracht oder e Joël Dicker gehéiere ganz sécher dozou, de Jérôme an d'Bea hunn awer nach e puer aner eedgenëssesch Buchtipps fir Iech parat. Sozialkritesch, historesch oder léiwer skurril a witzeg? Dir hutt d'Wiel! Iwwer dës Bicher diskutéieren de Jérôme an d'Bea: Sarah Elena Müller – "Bild ohne Mädchen" (de 6te Mee 2025 zu Lëtzebuerg!)* Fabio Andina – "Sechzehn Monate" (Iwwersetzung aus dem Italieneeschen) Joël Dicker – "Un animal sauvage" (Ein ungezähmtes Tier) Joël Dicker - "La très catastrophique visite du zoo" Christian Kracht – "Air" Joseph Incardona – "Stella et l’Amérique" Jonas Lüscher – "Kraft" Jonas Lüscher - "Verzauberte Vorbestimmung" Buchtipps fir méi iwwert d’Schwäiz an hir Literatur gewuer ze ginn "99 Beste Schweizer Bücher. Literarische Coups de Coeur". "20/21 Synchron – Ein Lesebuch zur Literatur der mehrsprachigen Schweiz von 1920 bis 2020" Peter von Matt – "Das Kalb vor der Gotthardpost" / "Die tintenblauen Eidgenossen" *Schwäizer Literatur live erliewen, dat kënnt Dir en Dënschdeg 6te Mee 2025 an der Lëtzebuerg City Bibliothèque! Déi Schwäizer Schrëftstellerin Sarah Elena Müller diskutéiert am Kader vun der Veranstaltungsrei „Literatur über Kreuz – literarische Freundschaften zwischen der Schweiz und Luxemburg“ mam Lëtzebuerger Schrëftsteller Luc François. Den Entrée ass fräi, umelle kann een sech iwwer Telefon 4796-2732 oder per Mail: bibliotheque-events@vdl.lu

  • Apr 4, 2025 · 38 min

    32. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Tullio Forgiarini, 04/04/2025

    Vernoléissegt Jugendlecher, Mëssbrauch a Gewalt: Den Tullio Forgiarini schreift iwwer onkamout Themen Säin Theaterstéck "Vandalium" a säin nei opgeluechte Roman "Miss Mona" si keng Feelgood-Lecture, mä dofir absolut liesenswäert! Mat sengem Roman "Amok-Eng Lëtzebuerger Liebeschronik" (2011) huet den Tullio Forgiarini sech en Numm gemaach an ënner anerem och den Europäesche Literaturpräis gewonnen. 2011 gouf d'Buch ënnert dem Titel "Baby(a)lone" vum Donato Rotunno verfilmt. Iwwert d'Thema Gewalt ënner Jugendlechen wollt den Tullio Forgiarini duerno eigentlech net méi schreiwen, mä duerch en Tëschefall am Joer 2022 krut hien d'Inspiratioun fir säin Theaterstéck "Vandalium". Och a sengem Roman "Miss Mona" (2000, re-editéiert 2024) geet et ëm Gewalt a sexuelle Mëssbrauch. Am Interview erzielt hien dem Jérôme an dem Bea firwat hien ëmmer nees op onkamout Themen zeréckkënnt, obwuel hien eigentlech léiwer emol eskapistesch Bicher schreiwe géif.

  • Feb 10, 2025 · 38 min

    Am Kräizverhéier: D'Schrëftstellerin Kerstin Medinger, 10/02/2025

    An hirem neie Roman "Le Secret de Tadi" geet et op eng abenteuerlech Rees duerch d'USA op der Spuer vun engem Geheimnis Am neisten Episod vun der RTL BicherLies huelen de Jérôme an d'Bea nees eng Autorin an d'Kräizverhéier. Mat hirem éischte Roman "Le départ" hat d'Kerstin Medinger et direkt op d'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis gepackt. Déi fënnef ongläich Personnagen déi sech deemools op enger improviséierter Rees duerch Frankräich a Spuenien kennegeléiert haten, begéinen sech an hirem neie Roman "Le secret de Tadi" erëm, an dës Kéier féiert hire Wee si op déi aner Säit vum grousse Pull. Am Interview erzielt d'Kerstin Medinger wéi si sech mat 9 Joer fir d'éischte Kéier un d'Schreiwe ginn huet, wat d'Wierk vum Miguel de Cervantes fir si bedeit a wéi eng Rees a Latäinamerika en entscheedenden Afloss op hiert Liewen an hiert Schreiwen hat. "Le départ" an "Le secret de Tadi" sinn allebéid bei den éditions Phi erauskomm.

  • Jan 4, 2025 · 39 min

    Weltbibliothéik: Italien, Gaaschtland vun der Frankfurter Buchmesse 2024, 04/01/2025

    Vum Italo Calvino bis bei d'Elena Ferrante, déi italieenesch Literatur huet villes ze bidden! Am 30sten Episod vun der RTL BicherLies maachen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech op de Wee a Bella Italia! Si stellen Iech aktuell Publikatioune vir déi op der Frankfurter Buchmesse am Fokus stoungen a kucken zeréck op d'Entwécklung vun der italieenescher Literatur am 20ste Jorhonnert. Dobäi ginn och emol kontrovers Themen opgegraff wéi zum Beispill d'Diskussiounen ronderëm déi italieenesch Delegatioun zu Frankfurt. A si schwätze mat der Schrëftstellerin Viola Ardone iwwer hiren neie Roman "Was wissen sie vom Freisein". Iwwer dës Bicher gëtt (ënner aneren) geschwat: "Unten im Tal" Paolo Cognetti (Penguin) "Die Stadt der Lebenden" Nicola Lagioia (btb) "CinéROMAn " Corina Ciocârlie (Signes et Balises) "Café Royal" Marco Balzano (Diogenes) "Kant und das Schnabeltier" Umberto Eco "Was wissen sie vom Freisein" Viola Ardone (C.Bertelsmann Verlag) "Falcone" Roberto Saviano (Hanser Verlag) "Erklär mir Italien" Roberto Saviano & Giovanni di Lorenzo (KiWi)

  • Nov 13, 2024 · 39 min

    29. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Tomas Bjørnstad (Nico Helminger), 13/11/2024

    An dëser Episode vun der RTL BicherLies hunn d'Bea Kneip an de Jérôme Jaminet eigentlech 2 Invitéeën: Den Nico Helminger a säin Heteronym Tomas Bjørnstad 2018 ass de Gedichtband "Fjorde" erauskomm, geschriwwen vun engem gewëssen Tomas Bjørnstad, engem bis dato onbekannten Auteur mat norwegesche Wuerzelen. Eréischt no 4 Joer an zwee weidere Bicher gouf bekannt dass den Tomas Bjørnstad en Heteronym vum Nico Helminger ass. (En Heteronym ass eng Form vu Pseudonym, an der net just e fiktiven Numm, mä eng ganz Schrëftstellerperséinlechkeet mat enger eegener fiktiver Biografie geschafe gëtt) Säin neitstent Buch "Die Verlorenen" ass e Roadmovie, d'Dréibuch vun engem Film Noir an dem zwee Optragskiller, déi och nach op deeselwechte Virnumm (Roy) lauschteren, sech op der Sich no hirem Affer durch d'Paräisser Banlieue schloen woubäi se fläisseg Gin becheren an och schon emol en Ëmwee iwwer Disneyland a Kaf huelen. Begleet gi se vu Mierschwéngercher déi dann och nach d'Haaptroll an engem Mäerche spillen...Am Interview erzielt den Nico Helminger wéi d'Figur vum Tomas Bjørnstad eigentlech entstanen ass. Ausserdem geet et ëm onerwaarte Begéignungen, verschwonne Buchstawen an natierlech...ëm Mierschwéngercher.

  • Jun 26, 2024 · length unknown

    28. Schrëftsteller am "Kräizverhéier": De Jean Schoos, 26/06/2024

    "Gudde Gendaarm - béise Gendaarm" Mat "Attentat", dem 5ten a leschte Fall fir de Sûreté-Offizéier René Fischbach, geet déi beléifte Krimi-Serie op en Enn. 1983. De Fischbach ass zënter 20 Joer am Déngscht an huet de Rang vum Majouer erreecht. Säin Idealismus ass am Laf vun de Joren allerdengs op der Streck bliwwen. En Attentat, eng Erpressung, an, net zulescht, eng Läich am Stauséi, stëppelen awer säi Virwëtz. War deen Doudegen mam Cric um Fouss wierklech just en harmlosen däitsche Journalist deen e Buch iwwer d'Lëtzebuerger Schwäiz schreiwe wollt? Bei senger Enquête stéisst de Fischbach nees op säin éiwege Géigespiller, de Lacaf, an den Dickweiler Krees ass natierlech och net wäit. Mä de Fischbach beweegt sech op dënnem Äis... An dëser Episode vum Podcast RTL BicherLies enquêtéieren de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip an natierlech huelen si den Haaptverdächtegen, den Auteur Jean Schoos, an d'Kräizverhéier! Hie verréit hinnen wou seng Faszinatioun fir Krimien hirkënnt, wéi ee Konzept hannert der Serie "Gudde Gendaarm - béise Gendaarm" stécht, an wat hien als nächst schreiwe wëll, elo wou den Dossier Fischbach ofgeschloss ass. Iwwer dës Bicher an Auteuren gëtt soss nach am Podcast geschwat: D'Maj Sjöwall (1935-2020) an de Per Wahlöo (1926-1975) waren eng schwedesch Schrëftsteller-Koppel déi als Pionéier vum skandinavesche Krimi gëllen. Hire Roman-Zyklus an 10 Bänn dréit den Titel: "Roman über ein Verbrechen". Och den US-amerikanesche Schrëftsteller Ed McBain (1926-2005) gehéiert zu de grousse Virbiller vum Jean Schoos. Den Horst Bosetzky huet seng Krimien deelweis ënnert dem Pseudonym "-ky" geschriwwen Orlando Figes: "Krimkrieg. Der letzte Kreuzzug" (Berlin Verlag, 2011) Herfried Münkler: "Welt in Aufruhr: Die Ordnung der Mächte im 21.Jahrhundert" (Rowohlt Berlin 2023) Christopher R.Browning: "Ordinary Men: Reserve Police Battalion 101 and the Final Solution in Poland" (Harper Perennial, 1998)

  • Apr 29, 2024 · length unknown

    27. Weltbibliothéik: Ganz no bei eis: Literatur aus Holland a Flandern, 29/04/2024

    An hirer Weltbibliothéik waren de Jérôme an d'Bea schon a Mëttelamerika, a Kanada oder am Myanmar. Haut geet d'Rees awer net ganz esou wäit! Ënnert dem Motto „Alles außer flach“ waren Holland a Flandern dëst Joer Gaaschtland op der Leipziger Buchmesse. Grond genuch fir eis zwee BicherLieser sech mat der Literatur aus Benelux auserneenzesetzen! A si waren hellop begeeschtert. Net nëmme Klassiker wéi de Cees Noteboom oder de Jeroen Brouwers hunn et hinnen ugedoen, mä och zäitgenëssesch Auteuren wéi de Gerbrand Bakker, d'Lize Spit oder d'Gaea Schoeters. An: de Gijs Wilbrink dee mat sengem Débutroman "Tiere" direkt den Duerchbroch gepackt huet an deen dem Jérôme an dem Bea en Interview ginn huet. Hie verréit ënner anerem wat et mat der misteriéiser Regioun "Achterhoek" op sech huet a firwat de Vincent Van Gogh fir hien esou eppes wéi eng Punk-Ikon ass. Iwwer dës Bicher gëtt geschwat: "Tiere" Gijs Wilbrink (Ullstein) "Der Sohn des Friseurs" Gerbrand Bakker "Kontur eines Lebens" Jaap Robben "Der ehrliche Finder" Lize Spit "Trophäe" Gaea Schoeters "Angerichtet" (Het Diner) Herman Koch "Was man sät" Marieke Lucas Rijneveld „Alles außer flach“ (divers) Essays über aktuelle Literatur aus den Niederlanden und Flandern

  • Feb 18, 2024 · length unknown

    26. Am Kräizverhéier: d'Schrëftstellerin Fabienne Faust, 18/02/2024

    De Jérôme an d'Bea ënnerhalen sech mat hir iwwer hirt neit Buch "Die Häuser von drüben",e Band mat Kuerzgeschichten op Däitsch. D'Fabienne Faust huet sech bis elo éischter en Numm als Lyrikerin gemaach, an dat a verschiddene Sproochen. Mat "Tu veux danser" (éditions Phi 2014) oder "Hier - ein Fehlen" (éditions Phi 2020) huet si sech an der Poesie-Zeen zu Lëtzebuerg etabléiert. Weider ervirzesträichen ass zum Beispill nach hir Mataarbecht um Sammelband "High Five" (Black Fountain Press 2019) zu dem si Gedichter op Englesch bäigesteiert huet. Mat hirem neitste Buch "Die Häuser von drüben" geet si op en neie Wee, et ass e Band mat Kuerzgeschichten op Däitsch. Am Interview mam Jérôme Jaminet a mam Bea Kneip erzielt si, wat si dozou inspiréiert huet, a firwat de Bléck aus der Fënster an op "Die Häuser von drüben" fir si esou wichteg ass. "Die Häuser von drüben" vun der Fabienne Faust ass bei den éditions Phi erauskomm D'Kuerzgeschicht "Summer Flakes" vun der Fabienne Faust ass am Recueil "Solarpunk" enthalen, erauskomm bei "Aner Welten"

  • Dec 14, 2023 · length unknown

    25. Weltbibliothéik: Literatur aus Slowenien, 14/12/2023

    2023 war Slowenien Gaaschtland op der Frankfurter Buchmesse. De Jérôme an d'Bea hu sech an déi slowenesch Literatur eragelies "A Honeycomb of Words" oder "Waben der Worte" dat war de Motto vun der slowenescher Präsenz zu Frankfurt. An hirer Präsentatioun erklären d'Organisateuren dat esou:"So wie de Bienen - angesichts ihrer Größe- unermesslich weit in die Welt hinausfliegen, um mit einem Tropfen Nektar und einem Pollenkorn heimzukehren, so kamen auch verschiedene kulturelle, künstlerische und intellektuelle Einflüsse in die slowenische Sprache und die slowenische Kultur...So entstand eine Kultur, die die europäische Vielfalt widerspiegelt und zugleich einzigartig und originell ist. Es ist eine eigenständige Zelle, die weiß, dass sie ihre Existenz und Entwicklung der Eingebundenheit in die Wabe der Menschheit verdankt." Slowenien ass e klengt Land, mat ronn 2 Milliounen Awunner. Dass seng Literatur awer alles anescht wéi kleng ass, dovu konnten de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech iwwerzegen. Si hu Bicher vu prominente sloweneschen Auteuren wéi dem Drago Jančar, der Mojca Kumerdej an dem Aleš Šteger gelies a sech mat der Katja Stergar (Directrice vun der slowenescher Buchagence) souwéi der amerikanesch-slowenescher Autorin Erica Johnson Debeljak ënnerhalen. A si hunn och e puer slowenesch Spezialitéiten dégustéiert! Iwwer dës Bicher gëtt am Podcast geschwat: "Als die Welt entstand" Drago Jančar "Unter die Oberfläche" Mojca Kumerdej "Das Lachen der Götter" Aleš Šteger "Verliebt, verheiratet, verwitwet, verhurt" Erica Johnson Debeljak (S.Marix Verlag) "Die Wilden und die Eleganten - Neue Literatur aus Slowenien" zusammengestellt von Aleš Šteger (Die Horen, Zeitschrift für Literatur, Kunst und Kritik, Nummer 291) Wallstein Verlag

  • Oct 24, 2023 · length unknown

    24. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Jean Back, 24/10/2023

    Mat "Nuebelschnéier" huet de Jean Back e ganz perséinlechen Erzielband erausbruecht. "Nuebelschnéier", dat sinn zwou Kuerzgeschichten an e Kapitel mat Textfragmenter déi op den éischte Bléck näischt mateneen ze dinn hunn, déi awer all iergendwéi zesummenhänken. "De Firmi" gëtt aus der Siicht vun engem klenge Jong erzielt, deen an enger Psychiatrie ass, well e vu senger Mamm mësshandelt gouf. Trotzdeem wënscht en sech näischt méi wéi nees bei si ze kommen. "De wäissen Tiger" spillt an engem Altersheem. Den Enkel, dee seng Bom regelméisseg do besicht, fënnt no an no méi iwwert hier Jugendzäit eraus a léiert déi eeler Damm vun enger ganz anerer Säit kennen. An "Ze déif a d'Gewan gekuckt - 20 Glieser an e puer Schierbelen" verschafft de Jean Back den Doud vu senger Mamm, déi viru kuerzem am Alter vun 93 Joer gestuerwen ass. Am Interview mat de "BicherLieser" Jérôme Jaminet a Bea Kneip verréit de Jean Back wéi en duerch de Roger Manderscheid un d'Schreiwe komm ass, hien erzielt vun enger Schoulaufgab déi him, Joren duerno, e wichtege Literaturpräis abruecht huet an hie geet op dee schwierege Prozess vun der Trauer ëm seng Mamm an. De Jean Back, Joergang 1953, schreift op Däitsch an op Lëtzebuergesch. Mat "Wollekestol" huet hien 2003 säin éischte Roman bei den Editions ultimomondo erausbruecht. Fir seng Novelle "Amateur" gouf hien 2010 mam European Prize for Literature ausgezeechent. Nieft der Literatur interesséiert sech de Jean Back och fir Molerei, Fotografie a Film. Vun 1989 bis 2015 war hien Direkter vum Centre National de l'Audiovisuel (CNA) zu Diddeleng. "Nuebelschnéier" vum Jean Back ass bei Kremart Edition erauskomm.

  • Sep 20, 2023 · length unknown

    Weltbibliothéik: Literatur aus Spuenien, 20/09/2023

    Méi wéi Stéierkampf a Sangria: De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip maachen en Tour iwwer déi iberesch Hallefinsel Iwwer dës Bicher gëtt am Podcast geschwat: "Tage ohne Cecilia" Antonio Muñoz Molina "Die Mauersegler" Fernando Aramburu "Die Reise nach Ordesa" Manuel Vilas "Mein Herz so weiß" Javier Marías "Mitten im Sommer" Ana Iris Simón "Geliebte und Feinde" Rosa Montero "Das Schweigen des Sammlers" Jaume Cabré "Singe ich, tanzen die Berge" Irene Solà "Juan Belmonte. Stiertöter" Manuel Chaves Nogales Am Interview: d'Journalistin a Schrëftstellerin Rosa Montero

  • Jul 20, 2023 · length unknown

    22. De Pit Hoerold schreift Gedichter géint de Krich, 20/07/2023

    A sengem neie Gedichtband "Das Karussell von Odessa" beschäftegt de Pit Hoerold sech mam Krich an der Ukraine. D'Situatioun tëscht der Ukraine a Russland hat hie scho laang virum 24ste Februar 2022 am Bléck. Wéi de Krich dunn ausgebrach ass, war et dem gebiertege Beetebuerger wichteg, sech och literaresch domat ausenaner ze setzen. De Pit Hoerold ass net nëmme Lyriker, mä och Museker, Auteur vu Kannerbicher, an hien ass ee vun de Pappen vum Prix Laurence, bei dem all Joers jonk Auteuren tëscht 12 a 26 Joer hir Texter areeche kënnen. Haaptberufflech huet hie sech mat Publicitéit beschäftegt, a senger Fräizäit ass hien e passionnéierte Velosfuerer. Iwwer all dat, an nach villes méi huet hien sech mam Jérôme Jaminet a mam Bea Kneip fir hiere literaresche Podcast "RTL BicherLies" ënnerhalen

  • Jun 3, 2023 · length unknown

    21.Am Kräizverhéier: D'Margret Steckel, Laureatin vum Batty-Weber-Präis, 03/06/2023

    Si huet 15 Bicher verëffentlecht, 1997 krut si de Servais-Präis an elo de Batty-Weber-Präis D'Margret Steckel, déi 1934 a Mecklenburg gebuer ass, 1955 d'DDR verlooss huet, an zënter 1983 zu Lëtzebuerg lieft, verschafft an hiere Bicher déi ënnerschiddlechst Themen. Vum Polit-Skandal iwwer Kandheetserënnerungen bis zu engem grousse Roman iwwer d'Famill Servais. Si huet villes z'erzielen an si mécht dat esou spannend dass de Jérôme an d'Bea doriwwer bal d'Zäit vergiessen! Iwwer dës Bicher gëtt am Podcast geschwat: Vun der Margret Steckel: "Aus-Weg-Los" (Erzählung) Lambda, Hamburg 1989 "Nie wieder nirgendwo" 1993 "Der Letzte vom bayrischen Platz" éditions Phi 1996 "Die Träne aus der Wand" Neuer Hochschulschriftenverlag, Rostock 2000 "Die Schauspielerin und ich" éditions Phi 2003 "Servais, Roman einer Familie" éditions Guy Binsfeld 2010 "Ins Licht sehen" (Erzählungen) capybarabooks 2016 "Jette, Jakob und die andern" capybarabooks 2017 "Daisy Fiedler" capybarabooks 2021 "Meine Sprache, mein Farbkasten - Rede zur Literatur 08" CNL 2021 Vun aneren Auteuren: "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" Elise Schmit, Hydre éditions "Ein Wort in Esels Ohr" Jérôme Jaminet, capybarabooks

  • Apr 22, 2023 · length unknown

    20. Weltbibliothéik: Literatur aus Eisterräich, 22/04/2023

    Eisterräich ass dëst Joer Gaaschtland op der Leipziger Buchmesse vum 27sten bis den 30sten Abrëll. Grond genuch fir eis RTL-BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip fir sech mat der Literatur aus der Alperepublik ze beschäftegen! De Jérôme huet sech souguer druginn, fir de Motto vun der éisterräichescher Präsenz zu Leipzig op déi richteg éisterräichesch Manéier auszeschwätzen. "meaoiswiamia", dat ass guer net esou einfach! Wat sech hannert dem Motto verstoppt, wéi et dem Verlagswiesen an Eisterräich geet, a wéi eng Auteuren an Auteurinnen aus der Alperepublik een op kee Fall verpasse sollt, doriwwer hunn d'Bea an Jérôme sech natierlech och mat der Katja Gasser ënnerhalen. Ausserdeem hu si mat der Helena Adler, enger vun den aktuell erfollegräichste éisterräichesche Schrëftstellerinnen, iwwer hieren neie Roman "Fretten" geschwat, si diskutéieren iwwer dem Michael Köhlmeier seng Roadnovel "Frankie" an si hunn natierlech nach eng ganz Rëtsch Lies-Tipps mat am Gepäck!

  • Feb 2, 2023 · length unknown

    19. De Volker Kutscher, Auteur vun de Gereon Rath Romaner, 02/02/2023

    Dem Volker Kutscher seng Krimiserie ass d'Romanvirlag fir d'ARD Kultserie "Babylon Berlin" Zënter 2017 leeft d'Krimi-Serie Babylon Berlin op der ARD an ass mëttelweil scho richteg Kult ginn. D'Tele-Serie baséiert op de Romaner vum Volker Kutscher. De Kommissar Gereon Rath léist am Berlin vun den 1920er an 1930er Joren Mordfäll op. Mat "Transatlantik" ass viru kuerzem den 9te Band vun der Serie erauskomm, an den Auteur Volker Kutscher ass en Dënschdeg 7te Februar 2023 an der Cité Bibliothéik an der Stad op Besuch. Grond genuch fir eis RTL-BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip fir sech duerch seng Bicher ze schmökeren an natierlech och en Interview mam Volker Kutscher ze maachen. A wann Dir elo virwëtzeg sidd an Iech e bësse méi erziele loosse wëllt, da kënnt Dir Iech fir d'Liesung mam Volker Kutscher umellen, am beschte per Mail op bibliotheque@vdl.lu. D'Evenement gëtt vum Institut Pierre Werner an Zesummenaarbecht mat der Cité Bibliothéik organiséiert.

Showing 1–20 of 20 episodes