Skip to content
Artwork for Poterkëscht vum INLL
EducationLanguage Learning

Poterkëscht vum INLL

Poterkëscht

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg.
All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Play
  • 34 episodes
  • a few times a week
  • Avg 5 min
  • Luxembourgish
Counted on this page — what you have heard stays on this device, so it is not something the list can be paged by.
  • Yesterday · 4 min

    Am Kleederbuttek & Falsch Online-Bestellung (A2-B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwee Dialoger. Am éischten Dialog ass eng Persoun am Kleederbuttek a wëll eng nei Jackett kafen. Am zweeten Dialog ass eng Persoun an engem Guichet, well si e Problem mat enger Online-Bestellung huet. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Am Kleederbuttek Client: Moien. Ech wéilt gär eng Jackett an der Gréisst M umoossen. Verkeeferin: Moien. Wat fir eng Jackett wéilt Dir gär umoossen? Client: Déi schwaarz Jackett do. Hutt Dir se nach an der Gréisst M? Verkeeferin: Waart, ech kucken no. Leider ass d'Gréisst M ausverkaf. Client: Schued. Hutt Dir da vläischt nach esou eng Jackett an enger anerer Faarf? Verkeeferin: Jo, mir hunn déi Jackett nach am Bloen. Client: Hutt Dir se dann och nach an der Gréisst M? Verkeeferin: Jo, si ass nach an der Gréisst M do. Client: Kann ech se wgl. uprobéieren? Verkeeferin: Natierlech. D'Kabinne sinn do hannen. Client: Merci. … O, si passt gutt. Wéi vill kascht se? Verkeeferin: Si kascht 59 Euro. Client: Ok, da kafen ech se. Verkeeferin: Gär. Wëllt Dir mat der Kaart oder boer bezuelen? Client: Mat der Kaart, wgl. Verkeeferin: Merci. Hei ass Är Quittung. Client: Merci fir Är Hëllef! Verkeeferin: Gär geschitt! Eng falsch Online-Bestellung Client: Moien. Ech hunn e Problem mat menger Bestellung, déi ech online gemaach hunn. Service: Moien. Wat ass da geschitt? Client: Ech hunn d’Bestellung virun enger Woch gemaach. Haut ass de Pak ukomm, mee leider ass eppes falsch. Service: Wat ass dann net an der Rei? Client: Ech hat eng schwaarz Jackett an der Gréisst M bestallt. Am Pak ass awer eng blo Jackett an der Gréisst L. Service: O, dat deet mir leed. Hutt Dir d’Bestellnummer dobäi? Client: Jo, hei ass se. D’Nummer ass 45872. Service: Merci. Ech kucken dat direkt no. Jo, ech gesinn, datt Dir tatsächlech eng schwaarz Jackett an der Gréisst M bestallt hat. Client: Genee. Ech brauch d’Jackett fir d’nächst Woch, dofir ass et e bëssen dréngend. Service: Ech verstinn. Mir kënnen Iech déi richteg Jackett nach eng Kéier schécken. Client: Wéi laang dauert d’Liwwerung? Service: Normalerweis zwee bis dräi Aarbechtsdeeg. Mir maachen d’Bestellung direkt fäerdeg. Client: Dat wier super. A wat maachen ech mat der falscher Jackett? Service: Dir kënnt se gratis zeréckschécken. Ech schécken Iech eng E-Mail mat engem Retourlabel. Client: Muss ech de Porto bezuelen? Service: Nee, natierlech net. Well de Feeler bei eiser Bestellung läit, ass de Retour gratis. Client: Ok, dat ass gutt. A kréien ech eng Confirmatioun per E-Mail? Service: Jo, Dir kritt direkt eng Confirmatioun mat allen Informatiounen. Client: Super. Da waarden ech op d’E-Mail. Merci fir Är Hëllef! Service: Gär geschitt. A nach eng Kéier Pardon fir de Feeler. Client: Kee Problem. Äddi! Service: Äddi an e schéinen Dag!

  • Tuesday · 6 min

    Eleng Reesen (B2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut geet et ëm d'Theema eleng reesen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.

  • October 15 · 3 min

    Zwee Problemer am Restaurant (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwou Situatiounen am Restaurant. Am éischten Deel kritt de Client déi falsch Bestellung. Am zweeten Deel gëtt et e Feeler mat der Rechnung. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkipt: Am Restaurant – Problem mat der Bestellung Serveuse: Gudden Owend! Wëllt Dir eppes drénken? Client: Jo, wannechgelift. Ech hätt gär en hallwe Liter Spruddelwaasser. Serveuse: Jo, gär. Wësst Dir schonn, wat Dir iesse wëllt? Client: Jo. Ech huelen d’Geméiszopp als Entrée, wannechgelift. Serveuse: An als Haaptplat? Client: Ech hätt gär den italienesche Sandwich, mee ouni Ham, wannechgelift. Ech si Vegetarier. Serveuse: Jo, kee Problem. Wëllt Dir nach eppes dobäi? Eng kleng Zalot, oder eng Portioun Fritten? Client: Hmm … jo, eng kleng Zalot, wannechgelift. Serveuse: Gären. Ech bréngen Iech d’Gedrénks direkt. (...) Hei ass d’Gedrénks. An hei ass Är Zopp. Gudden Appetit! Client: Merci! Eh… Entschëllegt … Serveuse: Jo? Client: Ech mengen, dat ass net meng Zopp. Serveuse: Oh, wierklech? Wat hutt Dir bestallt? Client: Ech hunn d’Geméiszopp bestallt. Dat hei ass eng Tomatenzopp. Serveuse: A jo … Dir hutt Recht. Dat hei ass d’Zopp vun engem anere Client. Et deet mer leed! Client: Kee Problem. Serveuse: Ech bréngen Iech direkt déi richteg Zopp. Ee Moment, wannechgelift. (...) Sou, hei ass Är Geméiszopp. Entschëllegt nach eng Kéier. Client: Kee Problem. Merci! Serveuse: Gudden Appetit! (...) Sidd Dir fäerdeg? Client: Jo. D’Zopp war wierklech gutt. Serveuse: Dat freet mech. Hei ass Ären italieneesche Sandwich ouni Ham, an Är Zalot. Client: Merci. Serveuse:  Kann ech Iech nach eppes bréngen? Client: Nee, merci. Fir de Moment ass alles gutt. Serveuse: Da wënschen ech Iech e gudden Appetit! Client: Merci! Eng falsch Rechnung am Restaurant Cliente: Entschëllegt, ech mengen, hei ass e Feeler op der Rechnung. Serveur: O, wierklech? Wat ass falsch? Cliente: Mir haten zwou Zalote bestallt, awer hei stinn dräi Zaloten. Serveur: A jo, Dir hutt Recht. Ech kucken direkt no. Cliente: Merci. An de Jus ass och zweemol op der Rechnung. Serveur: A jo, ech gesinn. Et deet mir leed. Cliente: Kee Problem. Kënnt Dir d'Rechnung wgl. änneren? Serveur: Natierlech. Ech maachen Iech eng nei Rechnung. Cliente: Super, merci. Serveur: Hei ass déi nei Rechnung. Kuckt wgl. nach eng Kéier, ob elo alles stëmmt. Cliente: Jo, elo ass alles richteg. Serveur: Ganz gutt. Wëllt Dir mat Kaart oder boer bezuelen? Cliente: Mat Kaart, wann ech gelift. Serveur: Gär. Hei ass Äre Reçu. Cliente: Merci an e schéinen Dag! Serveur: Merci, Iech och!

  • October 13 · 5 min

    Ëffnungszäiten am Quartier (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer d'Ëffnungszäite vu verschiddene Plazen an hirem Quartier schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Ëffnungszäiten (A2) Nora: Ech muss iech eppes froen. Wéini ass bei iech eigentlech d’Post op? Ech wollt gëschter nach e Bréif fortschécken, mee wéi ech um fënnef Auer dohinner komm sinn, war se schonn zou. Sophie: Um fënnef Auer? Dat ass komesch. Bei mir ass d’Post méindes bis freides vun hallwer néng bis zwielef op. An nomëttes ass se vun hallwer zwou bis sechs op. Nora: Jo, genee! Bei mir mécht se och um hallwer zwou op, mee ech mengen, se ass just bis véier Auer op. Marc: Bei mir ass d’Post nach méi laang op. Moies ass se vun aacht bis zwielef op an nomëttes vun zwou bis siwen. Sophie: Bis siwen Auer? Marc: Jo. Dat ass ganz praktesch, well ech dacks eréischt um sechs heemkommen. Nora: Dat ass wierklech praktesch. Bei mir muss een d’Ëffnungszäite scho kennen, soss steet een einfach virun enger zouener Dier. Sophie: Dat ass mir och scho geschitt. Ech war eng Kéier samschdes bei d’Post an hunn net dru geduecht, datt se zou ass. Marc: Samschdes ass se bei iech zou? Sophie: Jo, de Weekend ass se zou. Nora: Bei mir och. Marc: Bei mir ass d’Post samschdes moies vun néng bis zwielef op. Dat ass praktesch. Sophie: A wéi ass et mat der Bäckerei bei iech? Marc: Meng Bäckerei mécht ganz fréi op. Ëm sechs Auer. Ech ginn heiansdo virun der Aarbecht dohinner, fir Bréidercher ze kafen. Nora: Bei mir mécht d’Bäckerei och um sechs op. A samschdes ass se och op. Vun aacht Auer moies bis sechs Auer owes. Sophie: Bis sechs Auer? Bei mir mécht se samschdes schonn um eng Auer zou. Nora: Dat ass awer e groussen Ënnerscheed! Sophie: Jo. An ech hunn et schonn e puer mol vergiess. Ech wollt samschdes nomëttes nach e Kuch kafen. Ech war um dräi do – an d’Dier war zou. Marc: Dat ass nerveg. Sophie: Du sees et! Ech hunn du missen an de Supermarché goen. Nora: An ass däi Supermarché de Weekend op? Sophie: Jo, de Supermarché ass all Dag op. Méindes bis samschdes ass en zimlech laang op, bis aacht Auer. Sonndes mécht en awer méi fréi zou, um eng Auer. Marc: Bei mir ass et ähnlech. Mee ech mengen, mäi Supermarché ass sonndes guer net op. Nora: Seriö? Marc: Jo. Ech war e Sonndeg do an hunn eréischt virun der Dier gemierkt, datt zou ass. Nora: A Sonndes – wéi ass et do mat de Bäckereien? Sophie: Meng Bäckerei ass sonndes zou. Marc: Meng och. Nora: Bei mir ass déi kleng Bäckerei am Quartier och zou. Mee et gëtt eng aner, e bëssen ausserhalb, déi Sonndes moies op ass. Sophie: Dat ass gutt ze wëssen. Wéi laang? Nora: Ech mengen, vu siwen bis zwielef. Marc: Dat ass jo perfekt fir sonndes gemittlech mat frësche Bréidercher a Mëtsche Kaffi ze drénken. Sophie: Jo, wann een net ze spéit opsteet. (laacht) Nora: An de Metzler? Wéi ass et bei iech? Marc: Bei mir ass de Metzler méindes zou. Dënschdes bis samschdes ass en op. Samschdes awer nëmme moies. Nora: Bei mir ass de Metzler all Dag op, ausser sonndes. Sophie: Bei mir ass et genee ëmgedréint: méindes ass en op, mee sonndes ass en zou. Samschdes ass en de ganzen Dag op. Marc: Dat ass jo interessant. Also huet zu Lëtzebuerg jidderee seng eegen Ëffnungszäiten. Sophie: Jo, ech hat eigentlech geduecht, datt d’Geschäfter hei all ongeféier déi selwecht Zäiten op- an zou wieren. Nora: Ech och. Mee anscheinend ass dat guer net esou. Marc: Et hänkt wuel och dovun of, wou ee wunnt. Sophie: An dovun, wéi grouss d’Geschäft ass. Nora: Jo. Mäin Supermarché ass zum Beispill vill méi grouss wéi deen am Nopeschduerf, an en ass vill méi laang op. Marc: Dat stëmmt. Ech mengen, et ass wierklech an all Uertschaft e bëssen anescht.

  • October 8 · 7 min

    Um Knuedler & Memberskaart fir d'Bibliothéik (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persoune sech iwwer déi verschidde Plazen um Knuedler ënnerhalen. Duerno héiere mir, wéi eng Fra eng Memberskaart fir d'Bibliothéik maache wëll. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.

  • October 6 · 4 min

    Weebeschreiwung Gare & Am Guichet (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun Hëllef brauch, dee richtege Bus fir op d'Gare ze fannen. Duerno héiere mir, wéi d'Persoun op der Gare e Billjee fir op Amsterdam kafe wëll. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Weebeschreiwung op d’Gare A: Entschëllegt, kënnt Dir mir hëllefen? B: Jo, natierlech. Wat sicht Dir? A: Ech sichen de Busarrêt fir de Bus Nummer 6. B : Hmm… de 6 fiert mengen ech do hannen. A: Do, bei der rouder Luucht? B: Jo, genee. Dir gitt einfach riichtaus, an dann no riets. A: Riets? (e bëssen erstaunt) B: Jo, mee, ee Moment… ech kucke léiwer nach eng Kéier kuerz op der Mobilitéit-App no. A: Merci. B: O, ech gesinn, den Arrêt ass haut suppriméiert. A: O nee… ech muss awer op d’Gare. Wéi kommen ech dann elo dohin? B: Hmm, ech kucken op der App. Also, dir kënnt och eng Véierelstonn zu Fouss goen, an dann um Hamilius den Tram huelen. Deen hält direkt op der Gare. A: O, eng Véierelstonn zu Fouss, am Reen… Fiert da kee Bus bis op den Hamilius? B: Ech kucken… Nee, mee dir kënnt 5 Minutten zu Fouss bei d’Kierch goen, do kënnt an 10 Minutten den 12, deen hält op der Stäreplaz. Do kënnt Dir an den Tram ëmsteigen an direkt bis op d’Gare fueren. A: O, ech hoffen dat geet duer. A wéi kommen ech bei d’Kierch? B: Dat ass net komplizéiert. Dir gitt elo hei iwwer d’Strooss, an dann ongeféier 200 Meter riichtaus. De Busarrêt ass direkt vis-à-vis vun der Kierch. A : Ech gesinn. An a wat fir eng Richtung muss ech de Bus huelen? B: Richtung Kierchbierg. Dir klammt da bei der Stäreplaz eraus, gitt iwwer d’Strooss an huelt den Tram Richtung Stadion. A: An der Rei, ech mengen, ech fannen dat. Villmools Merci fir Är Hëllef! B: Et ass gär geschitt! Ech hoffen, dir kritt Ären Zuch nach! - En Zuchbilljee op Amsterdam kafen Client: Moien. Ech hätt gär e Billjee fir op Amsterdam, wannechgelift. Verkeefer: Moien. Jo, natierlech. Wéini wëllt Dir fueren? Client: Muer de Mëtteg. Verkeefer: Jo. Et gëtt en Zuch um 14 Auer. Client: Wéi laang dauert d'Rees? Verkeefer: D'Rees dauert ongeféier sechs Stonnen. Dir musst zu Bréissel ëmsteigen. Dir hutt ongeféier eng Stonn Waardezäit. Client: A wéi vill kascht de Billjee? Verkeefer: Den Ticket kascht 160 Euro. Client: 160 Euro? Dat ass zimlech deier. Gëtt kee méi bëllegen Ticket? Verkeefer: Dach, et ginn och nach aner Verbindungen, mee déi dauere méi laang. Client: Nee, dann huelen ech léiwer dësen Zuch um 14 Auer. Ech wëll net ze laang ënnerwee sinn. Verkeefer: Gär. Reest Dir léiwer éischt oder zweet Klass? Client: Zweet Klass, wannechgelift. Verkeefer: An der Rei. Dat mécht dann 160 Euro. Client: Kann ech mat der Kaart bezuelen? Verkeefer: Natierlech. Gitt wannechgelift Äre Code an. (…) Merci. Hei ass Ären Ticket. Client: Merci! A wou muss ech den Zuch huelen? Verkeefer: Den Zuch fiert normalerweis um Quai 4 fort. Kontrolléiert awer muer nach eng Kéier um groussen Ecran. Client: Super, merci fir d'Informatioun! Verkeefer: Gär geschitt. Ech wënschen Iech eng gutt Rees! Client: Merci, an nach e schéinen Dag!

  • October 1 · 7 min

    Eng 32-Stonne-Schaffwoch? (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir e puer Argumenter vir a géint eng 32-Stonne-Schaffwoch. Ausserdeem héiere mir, wéi eng Persoun vun hirer Erfarung domat erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.

  • September 29 · 4 min

    E Kannerzëmmer ariichten (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwee Elteren iwwer d'Kannerzëmmer vun hirem Puppelche schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - E Kannerzëmmer ariichten (B1) Mamm: Ech freeë mech scho richteg op eise klenge Butz. Papp: Jo, ech freeë mech och. Mee mir mussen endlech d'Kannerzëmmer ariichten. Mamm: Komm mir kucken eis Lëscht, déi mir gemaach hunn. Da vergiesse mir näischt. Papp: Dat ass eng gutt Iddi. Wat brauche mir als éischt? Mamm: Mir brauchen definitiv e Bett fir de Puppelchen. Papp: Jo, an eng Matrass an e puer waasserfest Houssen, falls d’Pampers ausleeft. Mamm: Effektiv! Mir brauchen och e Wéckeldësch. Papp: Meng Schwëster huet nach e Wéckeldësch. Hatt sot, datt mir säi kënne kréien. Hatt an de Pit kréie jo keng Kanner méi. Mamm: Dat ass super! Da musse mir keen neie kafen. Mir brauchen och nach onbedéngt sou eng speziell Poubelle fir d’Pamperssen, soss richt et net immens gutt am Zëmmer. Papp: O, jo! Wéi ass et mam Bett? Solle mir en neit kafen? Mamm: Mir ass et egal, et gëtt och gutt Second Hand Saachen. Papp: Ech fanne Second Hand gutt, wann d'Bett nach sécher an an engem gudden Zoustand ass. Mamm: Ech och. Da spuere mir alt do. Papp: Wat steet nach op eiser Lëscht? Mamm: E Kleederschaf fir seng Kleeder. Papp: An e klengt Regal fir Bicher a Spillsaachen. Mamm: Jo, a vläicht och e gemittleche Stull. Papp: E Stull fir hien oder fir eis? Mamm: (laacht) E Stull fir eis. Wann ech zum Beispill stëllen oder wa mer him eng Geschicht virliesen. Papp: Brauche mir och eng Luucht? Mamm: Jo, eng kleng Nuetsluucht wier flott. Et gëtt speziell Luuchte fir Puppelcher, déi net ze vill liichten an de Bëbee beim schlofen net stéieren. Papp: Jo, esou eng hunn ech schonn am Online-Shop gespäichert. So, e Babyphone däerfe mir och net vergiessen. Mamm: Richteg. Papp: Wou solle mir d'Bett histellen? Mamm: Ech géif et nieft d'Fënster stellen. Papp: Ech weess net. Do kënnt vill Sonn eran. Mamm: Dat stëmmt. Da stelle mir et léiwer un déi aner Mauer. Papp: Dat ass eng besser Iddi. Mamm: De Wéckeldësch kënnt niewent d'Dier stoen. Papp: Jo, do hu mir genuch Plaz. Mamm: An de Kleederschaf kënnt an den Eck. Papp: Perfekt. Da bleift nach vill Plaz an der Mëtt vum Zëmmer. Mamm: Do kënne mir, wann e méi grouss ass, eng Spilldecke leeën. Papp: Dat wäert eisem Jong sécher gefalen. Mamm: Wat fir Faarwe wëlls du am Zëmmer hunn? Papp: Blo! Mamm: Ech wosst et.. Ech fannen dat sou typesch. Ech géing gär eppes Aneres maachen. Zum Beispill hellgréng an da kënne mer ee froen, fir eis e puer léif Biller vun Déieren ze molen. Papp: O, jo, dat kléngt ganz schéin. Dem Gilles seng Fra mécht dat jo, mir kënnen hatt jo froen. Mamm: Jo! Hatt mécht ganz flott Saachen. Papp: Mengs de mir brauchen en Teppech? Mamm: Jo, ech denke schonn, dann ass et och méi mëll ënner der Spilldecken. Mir kéinten och e puer Stären un de Plaffong pechen. Papp: O, nee, dat fannen ech Kitsch. Vläicht kënne mir einfach eng kleng Girland iwwer d'Bett oder de Wéckeldësch ophänken. Mamm: Stëmmt, dat kléngt méi gemittlech. Papp: Wou kënne mir déi Saachen da kafen? Mamm: Komm mir ginn de Weekend mol an dee Buttek zu Féiz kucken an dann decidéiere mir ob mir et sur place oder online kafen. Papp: Du hues Recht. Mir kënne jo och mam Buttek kucken, wéi dat funktionéiert, fir eng Wonschlëscht bei hinnen ze maachen, da kënnen eis Frënn a Famill sech do eppes eraussichen, wat se eis schenke sollen. Mamm: Jo voilà, well mir brauche jo awer nach genuch Saachen, wéi eng Poussette, e Stull, eng Dro an ech si mir sécher, wa mir bis am Buttek sinn, dass eis dann nach aner Saachenafalen. Papp: Bestëmmt! Ech géing just net iwwerdreiwen, well dono steet eis Wunneng voll mat Saachen, wéi dee Klenge mol net brauch. Mamm: Jo, du hues Recht. Dat wëll ech och net.

  • September 24 · 5 min

    Vun enger Summervakanz erzielen (A2) & Akafe goen (A1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwee Dialoger. Fir d'éischt héiere mir, wéi zwou Persoune vun hirer Summervakanz erzielen. Duerno lauschtere mir, wéi zwou Persounen zesummen akafe ginn. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (⁠klick⁠!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.

  • September 22 · 11 min

    Den Dag vun der Lëtzebuergescher Sprooch

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vum haut héiere mir en Interview mat dem Directeur adjoint vum INLL, dem Luc Schmitz, an dem Kulturminister, dem Eric Thill, am Kader vum Dag vun der Lëtzebuergescher Sprooch. Vill Spaass beim Nolauschteren! Link: www.dag.letzebuergesch.lu

  • September 16 · 11 min

    De Biergerpakt (B1-B2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir mam Anne Franziskus vum Biergerpakt. Hei fannt dir méi Informatiounen zum Biergerpakt: https://biergerpakt.zesummeliewen.lu Vill Spaass beim Nolauschteren!

  • September 14 · 12 min

    MOVLA-Coursen am INLL

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut erziele mir iech vun de MOVLA-Coursen am INLL. Vill Spaass beim Nolauschteren!

  • August 26 · 6 min

    Tipps fir eng nei Sprooch ze léieren (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Tipps a Strategië schwätzen, fir eng nei Sprooch ze léieren. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.

  • August 12 · 5 min

    Dem Chloe seng Liewensgeschicht (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir en Interview mam Chloe. Hatt erzielt eis vu senger Liewensgeschicht. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.

  • July 29 · 4 min

    Tipps an der Hëtztwell (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir mat iech iwwert de Phenomen vun der Hëtztwell. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Tipps an der Hëtztwell A: Salut Pol, du bass awer scho fréi ënnerwee ! B : Moien Aurélie ! Jo, ech gi séier e puer Saachen akafen, éier déi déck Hëtzt kënnt. A: Dat ass gutt! Et sinn elo scho bal 30 Grad, an et ass eréischt 9 Auer! B: Du hues Recht. D’Hëtztwell dauert elo schonn eng Woch. Et ass wierklech ustrengend. A: Jo, immens. Ech schlofen esou schlecht. Nuets ass et vill ze waarm am Schlofzëmmer. B: Dat kennen ech. Dofir maachen ech owes all d’Fënsteren am Haus op. Dat hëlleft e bëssen. A: Ech maachen dat och. Mee dagsiwwer bleiwen all d’Fënstere bei mir zou. B: Wierklech? Firwat? A: Ma, datt déi waarm Loft dobausse bleift. Wann d’Rollluede ganz erof sinn, bleift d’Wunneng méi kill. B: Ok, dat stëmmt och erëm. A: An ech hunn e Ventilator. Deen hëlleft och. B: Ech hu kee Ventilator méi am Buttek kritt. Et ass zënter e puer Deeg iwwerall „Rupture de stock‘‘. Mee dofir hunn ech eng kleng mobil Klimaanlag vu mengen Eltere geléint, déi hëlleft e bëssen, mee just a klengen Zëmmere wéi am Büro. A: Dat ass dach gutt! Drénks du och genuch? B: Jo, natierlech. Ech drénken op d’mannst zwee Liter Waasser den Dag, heiansdo och méi. A: Ech vergiessen dat heiansdo, mee dofir stellen ech mir dës Deeg ëmmer eng grouss Fläsch Wasser op den Dësch. B: Dat ass eng gutt Strategie. Ech drénke wann et esou waarm ass och gär Kaffi – kal a mat Äis, natierlech! A: Ech drénke léiwer Téi. Ech kachen en owes, loossen en ofkillen a stellen en dann iwwer Nuecht an de Frigo. Moies ass mäi kalen Téi prett, fir ze drénken. B: Dat muss ech och emol testen. A wat ëss du an där Hëtzt? Ech hunn net vill Honger, wann et esou waarm ass. A: Ech och net. Mee ech iesse vill Uebst – Waassermeloun, Äerdbier, Drauwen – dat ass liicht an huet och vill Waasser! B: Dat ass richteg! Ech iessen den Ament moies e bësse méi, an dofir mëttes just eppes Klenges, wéi e puer Stécker Meloun oder eng Zalot aus Kornischongen an Tomaten. A: Mmh, dat kléngt gutt! Ech maachen et och esou änlech. Owes iessen ech dann erëm e bësse méi, mee eréischt no 20 Auer, wann et net méi esou waarm ass. B: A wéi méchs du et mat dengem Hond? Gees du bei deem Wieder vill spadséieren ? A : Nee, guer net. Mir gi moies um 7 Auer an owes um 21 Auer spadséieren, an dotëscht loossen ech hie just kuerz op d’Wiss, fir datt hie säi Geschäft maache kann. Et muss een oppassen, wann een an därHëtzt mat Hënn eraus geet. Wann et iwwer 30 Grad sinn, huet de Buedem oft iwwer 50 Grad, an d’Hënn kënne sech hir Patte verbrennen! B: O mei, dat wousst ech net, mee dat mécht Sënn. Ech ginn och heiansdo owes spadséieren, mee wéi s du sees, eréischt no 21 Auer. Virdrun ass et nach ze waarm. A: A wéini gees du lafen? B: Jo, dat ass de Moment och net esou einfach. Ech gi léiwer moies wéi owes lafen. Dofir stinn ech e bësse méi fréi op. Um 7 Auer geet et meeschtens nach. A: Ech gi muer schwammen. Dat ass herrlech bei deem Wieder. B: O, flott! Wuer gees du dann an d’Schwämm? A: Op Gréiwemaacher. Do gëtt et eng oppe Schwämm fir Kanner mat enger Rutschban, awer och e Baseng fir Leit, déi richteg schwamme wëllen. Owes ass et do immens! B: Jo, dat gleewen ech. Vläicht ginn ech de Weekend mat de Kanner dohin. Mee et wäerte bestëmmt vill Leit do sinn. A: Jo. Et ass besser, du gees géint der Owend, also no 17 Auer. Dann ass net esou vill lass. B: Merci fir den Tipp! A: Gär! A so Bescheed, wann s de gees – vläicht gesi mer eis! B: Maachen ech!

  • July 15 · 5 min

    Nohalteg Reesen (A2-B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! - Transkript: A: Hues du scho Pläng fir de Summer? B: Jo, ech fuere mam Zuch an Italien. A: Mam Zuch? Dat dauert dach éiweg! B: Jo, du hues Recht, et dauert natierlech méi laang wéi ze fléien. Mee ech wollt dëse Summer méi nohalteg reesen. A: Dat héiert een an der leschter Zäit méi oft. Wat heescht dat da genee fir dech, nohalteg ze reesen? B: Fir mech ass et wichteg, d’Ëmwelt esou mann wéi méiglech ze belaaschten. Dofir probéieren ech, manner ze fléien a méi op den ëffentlechen Transport zréckzegräifen. A: Dat kléngt verstänneg. Mee heiansdo ass e Fluch vill méi bëlleg wéi en Zuchbilljee! B: Leider ass dat wouer. Dat fannnen ech och e bësse paradox. A: D’lescht Joer sinn ech fir 40 € a Spuenie geflunn. Fir dee sewlechte Präis wier ech emol net bis a Frankräich komm. B: Dat ass e seriöe Problem. Vill Leit géife gär méi ëmweltbewosst reesen, wann et net esou deier wier. A: Warscheinlech. Anerersäits verstinn ech och d’Leit, déi nëmmen eng Woch an d’Vakanz fueren a keng Loscht hunn, zwanzeg Stonnen am Zuch ze verléieren. B: Jo, dat kann ech novollzéien. Zäit spillt natierlech och eng Roll. A: Wéi bass du eigentlech op d’Iddi komm, nohalteg ze reesen? B: Viru Kuerzem hunn ech en Dokumentarfilm iwwer de Klimawandel gekuckt. Duerno hunn ech ugefaang, iwwer mäin eege CO2-Emissiounen nozedenken. A: An zanterhier flitts du guer net méi? B: Dach, heiansdo schonn. Mee definitiv manner wéi virdrun. Ech versichen einfach, méi bewosst z’entscheeden, wéi ech reesen. A: Dat fannen ech e gudden Usaz. Vill Leit mengen, et misst een direkt alles perfekt maachen. B: Jo, an dat muss ee jo net. Kleng Verännerunge maachen heiansdo scho vill aus. A: Wou waars du da fir d’lescht an der Vakanz. B: An Éisterräich. A: A wéi war et? B: Ganz flott! Et muss een net ëmmer wäit reesen, fir eppes Spezielles z’erliewen. D’Landschaft war immens schéin, an d’Rees mam Zuch war vill méi entspaant wéi e Fluch. A: Wierklech? Ech fannen et ustrengend, mam Zuch ze reesen. Et weess een ni, ob en Zuch Verspéidung huet, a wann ee Pech huet, verpasst ee säin Uschloss. B: Jo, mee mam Fléien ass et net anescht. Wann emol e Streik ass, falen dacks vill Flich aus. A: Dat stëmmt och alt nees. Wéi kriss du d’Zäit am Zuch dann ëm? B: Et kënnt drop un. Ech liesen, lauschtere Musek a kucken d’Landschaft. A: Kléngt relax. B: Jo, ass et och. Ausserdeem ass mir och opgefall, datt vill Leit an der Vakanz souwisou ëmmer dat selwecht maachen. An dofir muss een net wäit fléien. A: Wéi mengs de dat? B: Ma, vill Leit fléie bis op dat anert Enn vun der Welt, a verbréngen dann awer de gréissten Deel vun hirer Vakanz an der Schwämm vum Hotel. A: Haha, do hues de Recht. Dat ass wierklech oft esou. B: Jo, an dofir muss een net onbedéngt zwielef Stonnen am Fliger sëtzen. A: Ech mengen, fir vill Leit ass et eng Manéier, dem Alldag z’entkommen. B: Jo, mee dat kann een awer och méi no vu sengem Doheem maachen. A: Ech well awer trotzdeem eng Kéier a Japan fléien. B: Ech och! A: Do gëtt et awer schwéier, nohalteg ze reesen… B: Net onbedéngt. Ech fannen, et kann een och wait reesen, wann een e bëssen oppasst. A: Wéi mengs de dat? B : Et muss ee jo net all Joer eng Fernrees maachen. Wann ee sech eemol am Liewen e speziellen Dram erfëllt, ass dat eng aner Saach. A : Jo, dat kléngt fair. B : An op der Plaz selwer kann een och ëmweltbewosst handelen, an deem een zum Beispill a lokal Restauranten iesse geet, den ëffentlechen Transport benotzt oder kleng Hoteller ënnerstëtzt. A: Dat ass wouer. Ech mengen, hautdesdaags denken d’Leit e bësse méi iwwer d’Auswierkunge vun hirem Reesen no. Fënns de net? B: Dach, deen Androck hunn ech och. A: Vläicht ass et an e puer Joer jo ganz normal, mam Zuch ze fueren. A vläicht gëtt et dann och méi bëlleg. B: Dat wier mäin Dram! A: Da kanns du och méi oft an Italie goen. B: Genee. An iergendwann packen ech et vläicht och bis op Sizilie mam Zuch!

  • July 13 · 7 min

    Beruffer: Informatiker/Informatikerin (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis vun hirem Beruff als Informatikerin erzielt. Vill Spass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.

  • July 7 · 5 min

    Rotschléi fir eng Crèche ze fannen (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Frëndinnen iwwer d'Auwiel an d'Umellung vun enger Crèche schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.

  • July 2 · 5 min

    Donnerwiederen uechter d'Land (A2)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Donnerwiedere schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Donnerwiederen uechter d’Land A: Elo reent et schonn nees! B: Jo, de Moment komme wierklech oft Schaueren erof. An de Noriichte melle se och nees Donnerwiedere fir den Owend. A: Um wéi vill Auer? B: Géint 20.00 Auer. A: Ok, ech muss virdrun dann nach mam Hond eraus. Deen Aarme fäert d’Donnerwiederen enorm. En Dënschdeg war et krass. Ech hat Homeoffice an et huet jo e puer Mol den Dag gedonnert. Hien hat vill Angscht. Bei all Donner ass en opgestan an op eng aner Plaz gelaf. Hie konnt sech guer net berouegen. Et war wéi bei de Knupperten op Silvester... B: Deen Aarmen. Ech muss soen, ech hunn esou Wiederen am Summer immens gär. Et ass zwar den Dag iwwer immens schmeier, mee wann et da sou richteg knuppt a wéi aus Eemere schëtt, da fannen ech dat immens gemittlech. Natierlech nëmmen, wann ech doheem sinn... A: Ech haassen, wann et dompeg ass. Mir ass dann ëmmer schwindeleg. Ech verdroen d’Hëtzt an déi héich Fiichtegkeet an der Loft guer net gutt. B: A, ok. Dat deet mer leed! En Dënschdeg war et och e bësse vill. De CGDIS hat vill Asätz uechter d’Land. A: Jo, ech selwer hat Chance, mee a menger Noperschaft si vill Kelleren iwwerschwemmt ginn. Meng Nopere si staark betraff. Si hunn zënter Deeg Waasser am Keller. B: O Nee! Bei menger Schwëster war et och schlëmm! A senger Strooss ass eng al Eech ëmgefall! A: O mei! Ech hoffen, se ass net op en Haus oder op en Auto gefall! Ass ee blesséiert ginn? B: Nee, et ass glécklecherweis kee blesséiert ginn. Se ass op d’Strooss gefall. Wéinst dem ville Reen war glécklecherweis keen dobaussen ënnerwee. D’Strooss ass allerdéngs nach ëmmer gespaart. A: Ee Gléck ass kengem eppes Schlëmmes geschitt! Wéi geféierlech! B: Jo, am ganze Land si vill Beem ëmgefall oder d’Äscht sinn ofgebrach an op d’Strooss oder och Autoe gefall. A: Et sinn och vill an deelweis grouss Knëppelsteng gefall! Hues de d’Fotoe gesinn? Se ware sou grouss wéi Golfbäll oder esouguer Tennisbäll! B: Jo! Ech hunn dat bei engem Kolleeg op Instagram gesinn! Hien huet elo lauter Téitschen am Auto. Mee léiwer dat wéi datt hie selwer vun engem Knëppelsteen getraff gouf... Aner Leit haten déi Chance net a koume mat Blessuren an d’Spidol. A: Ma jo. Huet hie just Téitschen an der Karosserie oder och an der Glace? B: Déi zwee. Hien ass bestëmmt net deen Eenzegen. D’Versécherungen an d’Autosgaragen hunn dëser Deeg och bestëmmt méi Aarbecht wéi soss. A: Allerdéngs. Et gëtt och nach ëmmer vill Iwwerschwemmungen an de Stroossen. An de Peegel vun de Flëss ass och nach ze héich. B: Jo, ech hunn d’Fotoe gesinn. Meng Tatta huet och Waasser am Haus, mee net am Keller. Bei hir ass d’Waasser duerch den Daach vum Haus gedrëpst. Hiren Daach ass ondicht a muss erneiert ginn. A: Wéi nerveg! Dat gëtt eng deier! Bei mengen Elteren an der Gemeng ass de Stroum ausgefall. Et ass e Mast ëmgefall. B: O! Ass dat scho gefléckt ginn? A: Et soll anscheinend haut gefléckt ginn. B: Gutt! A: Den Trafick leit natierlech och bei deem Wieder. Et gëtt méi Accidenter op de Stroossen a wann d’Stroossen iwwerschwemmt sinn oder Beem an de Stroosse leien, da muss de ganze Verkéier ëmgeleet ginn. Et sinn och vill Zich ausgefall. Wat e Gedeessems! B: Hoffentlech hält et geschwënn op mat reenen, da ka sech dat Ganzt emol berouegen. Et ass och all Dag esou däischter mat deenen donkelgroe Wolleken um Himmel. Ech hätt nees gäre Sonn a schéi sonneg Summerowenter dobaussen op enger Terrass... A: Ech si kee Meteorolog, mee ech si mer sécher, datt dat geschwënn nees zeréckkënnt. D’Donnerwiederen am Summer sinn normal. D’Loft ass waarm a fiicht. Wann da kal Loft kënnt, dann entstinn déi staark Donnerwiederen. An heiansdo falen dann eeben och Knëppelsteng. B: Ok. Dann drécke mer d’Daumen, datt et geschwë besser gëtt.

  • June 30 · 5 min

    Sech fir en Job am INLL mellen (B1)

    Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun sech fir eng Aarbecht am INLL informéiert. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Sech fir en Job am INLL mellen A: Hallo, so du schaffs jo am INLL, gell? B: Salut! Jo, genee, ech schaffe schonn zënter 6 Joer do. Firwat frees du? A: Ech géif mech och gär do mellen, fir Däitsch z’enseignéieren. Ech weess awer net genee, wéi ech dat maache soll. B: Hues du da scho gekuckt, ob se een am däitschen Departement sichen? Den INLL sicht heiansdo Leit fir verschidde Plazen. Net nëmmen Enseignanten, mee och an der Administratioun. A: Nee, ech hunn nach net gekuckt, well ech net weess wou ech dat fannen. Ech weess just, dass déi puer Leit, déi ech kennen an déi do schaffen, immens zefridde sinn. B: Jo, et ass jo och eng interessant Plaz a se ass och ganz ofwiesslungsräich. Also d’Aarbechtsannoncë fënnt ee meeschtens op hirem Site, also op www.inll.lu. Da muss du erofscrollen an da fënns de et ënner Eis lescht Neiegkeeten oder ganz ënne lénks, ënner der Rubrik Jobs. D’Plazen am Beräich Administratioun ginn awer och um Site www.govjobs.lu ausgeschriwwen. A: A, gutt ze wëssen! An do muss een online kandidéieren oder muss ech dat per Post schécken? B: Nee, du schécks eng digital Kandidatur op candidatures (at) inll.lu. A: Waart, ech notéiere mir dat.... Ok, a wat muss ech do alles matschécken? B: Et ass eigentlech änlech, wéi fir all anere Beruff. Du muss e CV, e Motivatiounsbréif a Kopië vun dengen Diplomer schécken. A: Brauch een och e Sproochendiplom? B: Dat hänkt dovun of. Heiansdo gëss de gefrot, wéi gutt s du aner Sproochen, wéi déi, déi s du enseignéiere wëlls, beherrschs. A: A! Wéi eng Sprooche sinn da wichteg? B: Déi wichtegst Sprooch ass Franséisch, déi muss du kënnen an déi aner Sprooche sinn natierlech e Plus. A: A wat ass da wann ech zum Beispill kee Lëtzebuergesch kann? B: Dat ass normalerweis net esou schlëmm. A: Ok, ech verstinn. Mee ka jidderee Sproocheproff ginn? B: Nee, natierlech net. Et brauch een normalerweis e Master an där Sprooch, déi een enseignéiere wëll an natierlech ass eng pädagogesch Ausbildung an Erfarung am Enseignement net vun Nodeel. A: A, ok! Gëtt et dann och vill administrativ Plazen am INLL? B: Jo, natierlech, ganz vill souguer. Et gëtt de Service des finances, de Bureau des cours, Bureau des examens, d’Ressource Humaines, de Service technique asw. A: O, wow, ech hat wierklech keng Anung. Ech hunn eng Frëndin, dat en Job an der RH sicht. Ass d'Prozedur déi nämmlecht, wéi wann ee sech fir e Posten als Enseignant wëll mellen. B: Dat muss een an der Deskriptioun, déi op GovJobs steet kucken. Normalerweis muss du e CV, e Motivatiounsbréif an Diplomer eraschécken. Ausser, dass de an der AdministratiounLëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätze muss. A: Ok a muss de CV op Franséisch geschriwwe ginn? B: Dat hänkt rëm dovun of, fir wat fir eng Aarbecht du dech bewerbs. Ech weess mol, dass de Motivatiounsbréif op där Sprooch, déi s du enseignéiere wëlls, muss sinn. Fir e Beruff an der Administratioun, soll en op enger vun eisen dräi administrativen Sprooche sinn. A: Jo, dat kléngt logesch. A wat geschitt wann een op en Interview invitéiert gëtt? B: Da soll ee gutt virbereet sinn. A: Jo, vläicht kënne mir dat jo eng Kéier zesummen üben, falls ech fir en Entretien geruff ginn. B: Ganz gär. Du kanns mir och eng Kéier däi CV an däi Motivatiounsbréif schécken, da kucken ech eng Kéier driwwer. A: O, jo, dat wier mega fein! Merci fir deng Hëllef! B: ‘t ass gär geschitt!

Showing 1–20 of 34 episodes