

Christophe Prosperi
D'Jill begéint de Christophe Prosperi op der Terrass vum Vis-à-vis an der Stad. Déi éischt Emojis loossen hatt nach un e "Finance Bro" denken, mee séier gëtt kloer, datt hannert de Messeren an de Kach-Emojis eng Geschicht vu Leidenschaft, Ausdauer an Entrepreneursgeescht stécht. Hien erzielt vu sengem Wee an d'Gastronomie, vu senger Kandheet an der Kichen, vu sengem eegene Restaurant am Mëllerdall an dovun, wéi hien sech den Dram vun der Selbstännegkeet erfëllt huet. Dobäi geet et ëm déi haart an ëm déi schéi Säite vum Beruff, d'Verännerungen an der Gastronomie, de Culinary World Cup, sozial Medien an d'Aarbecht hannert de Kulissen, déi d'Gäscht meeschtens ni matkréien. Handwierk, Courage, Famill an Erfolleg stinn am Mëttelpunkt vun dëser Episod, an de Christophe Prosperi erkläert, firwat Zäit an der Kichen heiansdo déi wichtegst Zutat ass. Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu
- Transcript








