transcript
show notes
1. D’Manifestatiounen, gëschter, a Frankräich si wäit méi roueg verlaf wéi déi vun der viregter Woch, och wann et plazeweis nees zu Gewalt koum. Et koum dann och uechtert d’Land zu engen 1.000 Interpellatiounen.
2. Bulgarien wielt haut en neie President a Serbien en neit Parlament. No ville Protester géint de serbesche President Vucic wëll deen elo Premier ginn, mä d’Protestbewegung vun de Studente kéint seng Muecht op en Enn bréngen.
3. D’Etzella gewënnt am nationale Fussball iwwerraschend géint de Progrès, Déifferdéng am europäeschen Hären-Handball a Slowenien an d’Fiels am nationale Basket d’Spëtzepartie géint d’Sparta: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport.